D'Stad Lëtzebuerg confirméiert, datt d'US-amerikanesch Band OneRepublic den 23. Juni am Kader vum City Sounds Festival gratis um Glacis spillt.

Dat huet d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Mëttwoch de Moien um CityBreakfast annoncéiert, nodeems d’Rumeur jo schonn zirkuléiert war. Dës war opkomm, nodeems um Internetsite vun der Band en Optrëtt zu Lëtzebuerg opgelëscht war.

Den 22. an 23. Juni ass traditionell de "City Sounds"-Festival um Glacis an der Stad. Den 22. Juni trieden international DJ'en op an den 23. Juni ginn et Concerte vu verschiddene Bands. D'Concerte si gratis fir de Public.