Bei der Oper Teatro di Verzura am Escher Theater sti sech ale Gesang aus dem 17. Joerhonnert an Aarbechte vun enger zäitgenëssescher Kënschtlerin géigeniwwer. Dat zentraalt Thema vum Stéck ass d'Natur an den Afloss, deen d'Mënsche wärend Joerhonnerten op d'Natur haten.

Am 17. Joerhonnert gouf et duerch d'Philosophie e Perspektivewiessel an eisem Verhältnis zur Welt an de Mënsch gouf bemol als Besëtzer vun der Natur ugesinn. Dat hat, wéi mer haut wëssen, eng Rei negativ Konsequenzen op eis Ëmwelt. Konsequenzen, mat deenen d’Mënsche vun haut konfrontéiert sinn an ëmgoe mussen. Mat där Iddi gëtt sech an dëser vum Stéphane Ghislain Roussel nei zesummegesater Oper auserneegesat.

"C’est un spectatcle qui parle de comment on croit à une chose dans la joie à l’époque. Que cette catastrophe advient et qu’est-ce qu’on fait aujourd’hui avec ça. Le projet est véritabelement de passer d’un monde baroque au monde contemporain, comme un voyage dans le temps et de voire comment est-ce que des personnages qui seraient issues de cette époque là, arrivent chez nous aujourd’hui."

D'Sänger aus dem Grupp contoLX huelen an dëser Oper vill verschidden, deels abstrakt Rollen un. Déi ausgewielte Lidder, déi een och all bei der Beschreiwung vum Stéck um Internet ze fanne sinn, beschäftege sech och mam Thema Natur. Esou zum Beispill och ee ganz wichtegt Lidd, il diluvio univerasale vum Falvetti, an deem Zeene beschriwwe ginn, déi e groussen Impakt op d’Mënschheet hunn.

Als Kontrast zur barocker Oper, hänkt d’Kënschtlerin Lise Duclaux, déi sech vill mat der Natur beschäftegt, ëmmer nees wärend der Opféierung verschidde Panneaue mat deels politesche Messagen op der Bün op a konfrontéiert d’Personnagë mat hirem Schicksal. Dës stinn och am direkte Bezuch zu den Texter aus de Lidder. Mat Teatro di Verzura wëllen d’Acteuren e sensibelen Dialog kreéieren an d’Fro stellen, wéi mer haut mat vereelzte Virstellungen ëmginn. Kucke kann een d'Oper den 20. an 21. November am Escher Theater.