Fir d'Frënn vum ronne Lieder ass Russland jo momentan den Nuebel vun der Welt. Mä och an eiser Lecture vun heiheem geet et ëm dat grousst Land am Osten. Der Jenna Liberatore hir Roman-Trilogie spillt allerdéngs viru ronn 100 Joer, zur Zäit vum éischte Weltkrich, an natierlech der Oktoberrevolutioun. D'Bea Kneip huet sech mat der jonker lëtzebuerger Autorin doriwwer ënnerhalen.

"A time to begin"

D'Jenna Liberatore schreift schonn zënter hirer fréister Jugend, am léifsten Romaner mat engem historeschen Hannergrond. An: am léifsten op Englesch, fir eng Lëtzebuergerin dach e bëssen ongewéinlech. Hir 3 éischt Bicher hunn dann och am engleschsproochege Raum gespillt, an Irland oder an den USA. Fir hir Romantrilogie vun der elo den zweete Band erauskomm ass, huet se sech awer e ganz anert Land erausgesicht: Russland.

Am éischten Deel "The confines of Eden" begéine mer der Masha Nikolaaevna, enger jonker Dänzerin, déi et mat vill Asaz an Ambitioun zur Primaballerina bréngt. Säi Brudder, de Sasha ass Zaldot, an och hie klëmmt op der Carrièresleeder, e gëtt souguer an Leifgard vum Zar Nikolas opgeholl. Allebéid bewegen se sech also an den héchste Kreeser, gesinn déi schéi Säite vum Liewen, gehéieren zur haute Volée vu St Petersburg. Et sinn déi läschte Joren virum Ausbroch vum éischte Weltkrich. Nach hält dee schéine Schäin, mä déi Medail huet nach eng aner Säit ...

Am zweeten Deel "A time to begin" muss de Sasha an de Krich, an d'Masha, dat no enger Zwangspaus zeréck op St Petersburg kënnt,  muss feststellen, dass d'Leit a Krichszäiten aner Prioritéiten hunn wéi Fester ze feieren oder Ballet kucken ze goen. Dobäi kënnt d'Suerg ëm  säi Brudder a seng grouss Léift de Maksim déi allebéid un der Front kämpfen. Ausserdeem dréit hat och d'Verantwortung fir seng Famill, ënner anerem säi schwéierkranke Grousspapp Feodor a seng zwou Hallefschwësteren Darya a Lara.
D'Jenna Liberatore erzielt am Fong zwou Geschichten déi allerdéngs ganz enk matenee verbonne sinn. Déi "kleng" Geschicht vun enger ambitionéierter an intelligenter jonker Fra déi sech virum Hannergrond vun der "grousser" Geschicht ofspillt an der e schwaachen Zar ëmmer méi d'Kontroll iwwert dat risegt Russland verléiert. Dem Masha seng Welt ass déi vu Glitzer a Glamour, och wann hat selwer alles anescht wéi en iwwerflächleche Mënsch ass. Dem géintiwwer stellt d'Jenna Liberatore d'Realitéit vun den enorme sozialen Ongerechtegkeeten am Zareräich. Däischter Wolleken hänken  iwwer Russland, eng Spannung déi sech schlussendlech an der Oktoberrevolutioun entluede wäert. An och am Masha sengem direkten Ëmfeld ginn et Leit déi sech op der Säit vun de Bolsheviken engagéieren.  Dem Jenna Liberatore seng Russland Trilogie ass e Libesroman virun engem historeschen Hannergrond oder en historesche Roman mat enger Libesgeschicht, dat kann ee gesi wéi ee wëll. Et ass eng liicht Lecture ouni grousse literareschen oder pädagogeschen Usproch, déi awer ni an de Kitsch ofrëtscht. De Lieser gëtt gutt ënnerhalen, a kritt d'Geleeënheet fir sech mat engem Land an enger Epoque ausenanerzesetzen déi d'Weltgeschicht entscheedend beaflosst hunn. Genee dat richtegt fir all déi di mam ronne Lieder näischt ufänke kënnen an déi trotzdem vu sech behaapte wëllen si wieren dobäi gewiescht. An dem Fall just net bei Russland 2018 mä éischter bei Russland 1918. 
"The confines of Eden" an "A time to begin" sinn déi zwee éischt Bicher vun der Trilogie ronderëm d'Primaballerina Masha, si sinn am Selbstverlag bei Books on Demand erauskomm.

RTL
RTL

© RTL/Bea Kneip