
"D'Zukunft läit am Avenir", dëst Zitat vun enger bekannter Lëtzebuerger Politikerin ass den Ausgangspunkt fir deels satiresch,deels eescht Texter.
D'Josiane Kartheiser huet hiert éischt Buch viru bal genee 40 Joer verëffentlecht. Zënterhier huet se sech, mat Ausnam vum Roman, u bal all literaresche Genre erugewot: sief et Lyrik, Kannerbicher, Kuerzgeschichten oder Cabaretstexter. Ganz verschidde Formater sinn och an hirem neiste Wierk mam Titel "D'Zukunft läit am Avenir" ze fannen. Just eppes hunn all déi Texter gemeinsam, nämlech en enke Bezuch zur Aktualitéit. D'Bea Kneip huet et gelies.
D'Zukunft läit am Avenir...Dat ass jo emol eng Ausso mat der all Mënsch kann averstane sinn! Mä wann een dës sympathesch Tautologie weiderverfollegt, dat kann een sech froen: Ma wéi gesäit se dann aus, dës Zukunft? Doriwwer mécht sech d'Josiane Kartheiser an hirem neie Buch sou hir Gedanken. Dee Planéit den um Buchcover ze gesinn ass, gesäit op alle Fall schonn e wéineg, nujee, ugeknabbert aus, dat trotz Triple-A Rating, Roboteren a Moundrakéiten. Oder, villäicht grad dowéinst?
An hire Glosse, Kuerzgeschichten, Cabaret a gesellschaftskriteschen Texter op Däitsch an op Lëtzebuergesch gehäit d'Josiane Kartheiser an hirer gewinnt witzeg-sarkastescher Manéier en A op de moderne Mënsch, säi Konsumwahn, seng Léift zu ëmmer neiem technesche Spillgezei an natierlech eiser alles Houfert dee mer mat Virléift an de sozialen Netzwierker ausliewen. Eisen "Deegleche Bluff" wéi et an dësem Liddtext heescht:
Hei ass e Post vun eisem Kand
Et ass dat schéinst am ganze Land
Sou eent wéi hatt gouf et nach ni
't ass scho mat sechs Méint e Genie
Nieft him steet säi Brudder, de Georges
Am Hannergrond mäin neie Porsche
Dat ass d'Mamm am Maillot ganz cool
Virum Laptop beim Swimmingpool
Erëm gutt a Form, kee Gramm Fett
Knäipt si hir Thees riicht aus dem Net (Copyright Josiane Kartheiser)
Gefuddels, Getuddels a Getéins, dat schéngen wat ee guer net ass, an enger Welt déi dacks grad esou fake ausgesäit. An eng Economie déi nëmmen duerch eent fonctionnéiere kann: "Abzocke" heescht dëst Gedicht:
Abzocke heisst das Motto unserer Zeit
Kein Konsument ist dagegen gefeit.
Wir betrügen und schwindeln, werden reich,
your satisfaction ist uns dabei gleich.
If things turn bad, it's the fault of the Kris.
Die Zeiten sind schlecht und alles ist mies.
Doch die shareholders don't care for your Leid.
Für sie zählt nur das Geld und alles ist bright. (Copyright Josiane Kartheiser)
Dëst Buch ass also eigentlech souguer dräisproocheg, eis léifsten Anglizismen ginn och emol op d'Schëpp geholl. Vun Homepage iwwer Highlife, Knowhow a Low Fat, bis hin zum beléiften Nation Branding. Well Image ass alles, an dat tatsächlech fir jiddereen, wéi een an am Cabaretstéck "E coole Gott" noliese kann...
An hire Kuerzgeschichten kënnt d'Josiane Kartheiser dann nees op de Buedem vun den allze mënschlechen Tatsaachen zeréck. Et geet em zwëschemënschlech Bezéiungen, a wéi se aus dem Rudder lafe kënnen, duerch Hypocrisie, Viruerteeler oder Muechtspillercher. Wann et am 21ste Jorhonnert dann nach Tabuthemae sollt ginn, dann ass eent dovun Sex am Alter, en anert häuslech Gewalt vu Frae géint Männer. D'Josiane Kartheiser scheit sech net, dës Themen opzegräifen a se behandelt se mat der néideger Éierlechkeet a Sensibilitéit.
An hire gesellschaftskriteschen Texter beschäftegt si sech mat den Erausfuerderunge vum Liewen am 21ste Jorhonnert. Mat deene permanente Verännerungen vun deenen net nëmmen eeler Leit sech dacks iwwerfuerdert fillen. Trotzdem ass der Josiane Kartheiser hir Approche nimools pessimistesch oder alarmistesch, si gesäit duerchaus déi sëllechen nei Méiglechkeeten déi mer haut am verglach zu fréier hunn, Déi eis awer d’Liewen net onbedéngt méi einfach maachen! An, last but not least, geet et em d’Zukunftsperspektiven vun de Jonken déi jo eng permanent Selbstoptiméierung virgeschriwwe kréien, déi an enger digitaliséierter Ekonomie awer ëmmer manner als Aarbechtskraaft gebraucht ginn.
Eng brave new world déi mer do amgaang sinn eis ze schafen, an déi d'Josiane Kartheiser eis hei mat enger Mëschung aus Humor an Eescht virun Ae féiert. Wou wäert eis dat nach hi féieren? Eng gutt Fro! Mä Dir wësst jo: "D'Zukunft läit am Avenir."
D'Buch "D'Zukunft läit am Avenir" vun der Josiane Kartheiser ass am Selbstverlag erauskomm, et kann een et an all gudde Bicherbuttek kafen oder bestellen.

© Josiane Kartheiser