Datt och hei zu Lëtzebuerg Krimi-Auteuren ze fanne sinn...

Datt och hei zu Lëtzebuerg Krimi-Auteuren ze fanne sinn, beweist d'Anita Kayser emol méi. „Nur einmal und für so eine lange Zeit“ wor den éischte Krimi dee si publizéiert huet. Virun 2 Joer wor dunn „Mord im Eischtal“ an de Librairien, a viru kuerzem koum „Tödliche Neugier“ eraus. D'Joëlle Drees huet sech mat der Schrëftstellerin iwwer hir Passioun ënnerhal, an natierlech och Detailer iwwer dësen 3te Krimi.

An der Tëschenzäit ginn et och ëmmer méi lëtzebuerger, déi Bicher schreiwen. D'Anita Kayser schreift nach net laang, mee d'léift zu de Bicher schéngt hir awer ugebuer .

Sai perséinlech Styl entwéckelt all Auteur selwer, mee natierlech entwéckelt ee sech awer och weider. Nur einmal und für so eine lange Zeit wor dat éischt.

D'Personnagen an der Anita Kayser hire Bicher muss d'Schrëftstellerin fir d'éischt selwer kenne léieren, éier se och op de Pabeier passen. Realitéit a Fiktioun leien awer muenchmol och no beieneen.

An der Geschicht geet et em den David, e lëtzebuerger, dee laang an der Friemt wor, an du erëm zeréck a seng Heemecht kennt, wou hie sech op d'Spuren vu senger Famill mécht.

Tödliche Neugier vun der Anita Kayser as en 166 Säiten deckt Buch, dat sech gudd liest, an duerch saïn A5 Format ass et och ganz handlech. An de lëtzebuerger Librairië sinn der Anita Kayser hir Bicher och ze fannen.