« Lëtzebuerg sicht de Luxonaut » : déi 1. BD vun der Luxembourg Space Agency

© Luxembourg Space Agency
Den Zeenarist Lucien Czuga an den Illustrateur Dan Altmann signéieren d’BD den 19. an 20. Juli um BDs Festival zu Contern.
Pressetext vun der Luxembourg Space Agency:
Der Luxembourg Space Agency (LSA) hir Missioun ass et – am Optrag vum Wirtschaftsministère – dee mam Weltraum verbonnenen Ecosystem vum Land ze ënnerstëtzen an ze dynamiséieren.
Well si sech bewosst ass, datt d’Talenter e strategeschen Hiewel fir d’Zukunft vum Secteur sinn, leet d’LSA ganz besonnesch vill Wäert op d’Formatioun an d’Sensibiliséierung vun de jonke Generatiounen. Am Kontext vun enger staarker internationaler Konkurrenz mat enger limitéierter Zuel un Talenter, ass et wichteg, vu fréi un Vokatiounen ze ënnerstëtzen.
Sou multiplizéiert d’LSA Initiative wéi z.B. deen nationale Concours Astronaut for a Day. Si gebraucht de Weltraum an d’Faszinatioun dofir als Moyen fir d’Kanner an d’Studente fir de Weltraumsecteur an déi vill Beruffer, déi do ronderëm existéieren, ze sensibiliséieren.
Am Kontext vun dësem erzéiereschen Engagement huet si elo hir éischt pedagogesch BD publizéiert, an zwar « Lëtzebuerg sicht de Luxonaut », déi de Lieser dozou invitéiert, d’Enjeuxen vun der Weltraumerfuerschung ze entdecken.
Dës BD ass d’Resultat vun enger Zesummenaarbecht tëscht dem Zeenarist Lucien Czuga, deen ënner anerem de « Superjhemp » kreeéiert huet an dem Illustrateur an Artist Dan Altmann, deen d’ Helde vum Album lieweg gi looss huet.
« Lëtzebuerg sicht de Luxonaut » ass natierlech, wéi ëmmer beim Lucien Czuga, eng BD wou den Humor an déi typesch lëtzebuerger Referenzen net däerfe feelen. Haaptpersonnage ass d’Renya, eng jonk Fuussin, däer hiren Ur-Ur-Ur-Grousspapp dee faméise Renert wor, an déi am Joer 2048 beim Concours « Lëtzebuerg sicht de Luxonaut » matmécht, dee vun enger lëtzebuerger Weltraumfirma organiséiert gëtt fir esou deen oder déi éischt lëtzebuerger Astronautin ze fannen, déi op de Mars flitt. Déi Epreuven an Tester, déi dat jonkt Renya an säi Frënd Dix, en Dachs, mussen duerchlafen baséieren op réellen Experienzen, déi Astronauten hautdesdags musse während hirem Training matmaachen, a sinn d’Geleeënheet vu ville flotten a geféierlechen Aventuren. Um Enn vun engem spannenden Album wäert de Lieser endlech gewuer ginn, wien deen éischte Luxonaut oder déi éischt Luxonautin um Mars ass.
D’BD kritt een a 5 Versiounen (lëtzebuergesch, franséisch, englesch, däitsch a japanesch) a si ass fir 19 Euro an all Librairie a Kiosk vum Land ze kréien.
De Lucien Czuga an den Dan Altmann signéieren d’BD den 19. an 20. Juli um BDs Festival zu Contern.
De BD Festival zu Contern den 19ten an 20ste Juli 2025