RADIO:Henning Mankell: Erinnerung an einen schmutzigen Engel

Kënnt den 13 August am Zsolnay Verlag eraus.
De Kommissar Wallander huet e bekannt gemaach. 9 Fäll hat de schwedeschen Auteur Henning Mankell sengem engagéierte Polizist ze léise ginn, dat massiivt Opkomme vum Rassismus a Schweden, hat en dozou motivéiert. Entretemps huet hien de Wallander pensionéiert a verschafft ëmmer nees nei Themen a senge Romaner- eng besonnesch Roll spillt Afrika. Den Henning Mankell lieft d'Halschent vum Joer zu Maputo am Mozambique, wou hien zënter 1986 eng professionell Theatergrupp leet. A sengem neie Roman „Erinnerung an einen schmutzigen Engel“ spillt d'Geschicht och zum Deel am Mozambique. Eng Geschicht, déi op Tatsaache baséiert.
Dem Mankell seng Geschicht fänkt un Ufank vum 20t Joerhonnert a Schweden. Et geet ëm eng Mamm eleng mat hiren 4 Kanner: Keelt. Aarmut an Honger. Fir ze iwwerliewe muss d'Hanna- mat knapp 18 dat Eelst- fort iergendwouhin, wou si sech vläicht eng Zukunft opbaue kann.
Op Ëmweeër kënnt d'Hanna als Kächin op e Schëff a lant no e puer Méint am heitege Mozambique- deemools eng portugisesch Kolonie.
Den Hotel an deem si sech en Zëmmer lount, erweist sech als e méi speziellen Etablissement: et ass e Bordell mat schwaarze Frae fir wäiss Matrousen, dat vun engem portugisesche Patron gefouert gëtt.
Well d'Hanna schlëmm krank gëtt, muss si eng Zäit do bleiwen. Si léiert d'Fraen an de Patron besser kennen a gëtt villes gewuer iwwer den Opbau an d'Fonctionnéiere vun der kolonialer Gesellschaft vun deemools. Wéi den Proprietär onerwaart stierft, ierft d'Hanna den Bordell. Si muss sech mat all dem Neien an Onbekannten ausernee setzen a stéisst op vill Saachen, di se net versteet an och schwéier akzeptéiere kann. Si wiert sech op hir Manéier, probéiert sech zum Deel unzepassen, zum Deel ganz anescht u Problemer erun ze goen an Astellungen ze veränneren. Mä souwuel an de wäisse wéi och an de schwaarze Käpp si festgefuere Meenungen, déi d'Zesummeliewen op eng Aart a Weis strukturéieren, déi d'Hanna ëmmer manner verdréit. Sisetzt sech an fir d'Rechter vun deene Schwaarzen a probéiert mat all hire Moyenen Barrièren ofzebaue, muss awer mat der Zäit der Gesellschaft hir -an hir eege- Grenzen unerkennen.
De Mankell léisst eis am "Erinnerung an einen schmutzigen Engel" während engem gudde Joer um ongewéinleche Liewe vum Hanna deelhuelen. Et geschitt onheemlech vill mat der jonker Fra, déi bis dohin net aus hirem klenge schwedeschen Duerf eraus komm war: intensiv Gefiller, Männerbekanntschaften, Konfrontatioun mat total anere Gewunnechten an Normen... fir d'Hanna en andauernden an ustrengenden Op an Of a fir de Lieser en Abléck an eng ganz aner Welt- heiansdo schockant, heiansdo ergräifend an ëmmer intressant.
Wien den Mankell bis elo just aus senge Wallander-Romaner kannt huet, léiert hei eng aner Facette vum Auteur kennen, begéint engem engagéierte Mann, deen och a senge Bicher antrëtt fir Ongerechtegkeeten a Rassismus aus der Welt ze schafen. Et geet drëm net einfach z'acceptéieren, mä aktiv dogéint virzegoen