Ëmstriddene Jury an Diskussioune ronderëm Kategorien

Am Kontext vun de Lëtzebuerger Bünepräisser, déi de 25. September iwwerreecht ginn, gëtt et Kritik aus dem Kultursecteur.
Et gëtt u sech 2 Voleten: Op där enger Säit de Jury selwer a säi Mangel un Zäit, fir uerdentlech Entscheedungen ze treffen. An op där anerer Säit de Medium Text, dee bei den Nominatiounen eng éischter kleng Roll spillt.
D’Bünepräisser ginn all zwee Joer iwwerreecht. Do stellt sech natierlech d’Fro, wéi et méiglech ass, dass an zwee Joer net genuch Zäit soll sinn, fir dass e Jury ka schaffen.
Ugangs August ass de Marc Baum aus dem Jury zeréckgetrueden.
"Ech sinn zeréckgetrueden, well ech mengen, datt ënnert den zäitlechen a materielle Bedéngungen, déi mir hunn, et fir mech net méiglech ass, déi Aarbecht als Jurysmember seriö kënnen ze maachen."
Zäitlech a materiell Bedéngungen, wat mengt de Marc Baum domat?
D'zäitlech Bedingung war déi, dass de Jury eréischt Enn Juli per Arrêté ministeriell festgehale gouf, dat huet de Kulturminister Eric Thill eis och confirméiert. D’Präisser ginn Enn September iwwerreecht. Mat materielle Bedéngunge mengt den Ex-Jurysmember Marc Baum, dass net kloer gewiescht wier, ob iwwerhaapt Opnamen existéiere vun allen Theaterstécker aus de leschten zwee Joer.
Gouf de Jury ze spéit nominéiert an ass iwwerhaapt all Stéck verfügbar als Opnam?
De Kulturminister Eric Thill reagéiert am RTL Interview:
"Mir wäerten eis do, wéi gesot, concertéieren. Mir wäerten do mat de Leit, de Partner, och mat der Theaterfederatioun, déi eben d'Organisatioun vun dëse Bünepräisser och hunn, concertéieren, fir wierklech ze kucken, wat eebe gutt fonctionéiert huet, wat manner gutt fonctionéiert huet. An do sinn ech als Minister gäre bereet, och do Upassungen ze maachen, wa se sënnvoll sinn a wa se der Saach déngen. Dat maache mer awer nom 25. September, no de Bünepräisser, nodeems mer d'Kënschtlerin an de Kënschtler gefeiert hunn."
Et ass also net kloer, ob Opname vun all Theateropféierung existéieren. Domadder stellt sech och d'Fro, op wéi enger Grondlag de Jury seng Entscheedungen iwwerhaapt kann treffen.
Da gëtt et nach en zweete Problem mam Jury.
An deem sëtzt och de Jérôme Kohnen, Direkter vum Kinneksbond. A fir d’Bünepräisser sinn och Produktioune nominéiert, déi vu sengem Haus produzéiert, respektiv co-produzéiert, goufen.
Wéi kann dem Jury-Member Kohnen seng Objektivitéit garantéiert sinn? Nach eng Kéier de Minister
Eric Thill:
"Mir hu fir d'Onofhängegkeet an och d'Transparenz ze garantéieren. Do ënnerschreift all Jurysmember, deen dann an der Jury present ass, eng Erklärung iwwert eben den Ausschloss vun Interessenskonflikter, déi kéinten optrieden. An den Här Kohnen huet eben an deene Kategorien, wou dann en eventuellen Interessenskonflikt hätt kënne bestoen, huet en ebe ganz kloer net mat ofgestëmmt."
Last but not least, huet sech d’A:LL zu Wuert gemellt.
Dat ass de Verband vun de Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller. Dee kritiséiert, dass et bei de Bünepräisser keng eege Kategorie fir den Theatertext gëtt. De Jeff Schinker ass President vun der A:LL:
"Déi Bünepräisser maachen esou, wéi wann Theatertexter net géifen existéieren. Wat jo absurd ass, well ouni Text gëtt et quasi kee Stéck. Et gëtt Danzstécker ouni Text, et gëtt verschidde Stécker, déi ouni Text kënnen auskommen. Mee grondsätzlech: Theater géif et ouni Shakespeare, ouni Molière, ouni Schiller, ouni Goethe jo guer net ginn - fir elo wierklech al Kamellen ze nennen - a mir fillen eis als Lëtzebuerger SchrëftstellerInnen do e bëssen iwwergaangen."
Als eenzege Vertrieder vun den Theaterschrëftsteller ass den Antoine Pohu an der Kategorie Nowuessstalent nominéiert.
De 25. September ginn d’Lëtzebuerger Bünepräisser iwwerreecht. RTL ass mat derbäi. An e Samschdeg 27. September gëtt et op der Tëlee e Passepartout Spezial iwwer d’Bünepräisser.