D'Alice am Wonnerland, sou heescht de Weltklassiker, deen elo op Lëtzebuergesch iwwersat gouf.

De Lewis Caroll, dee mam richtegen Numm Charles Lutwidge Dogson heescht, hat eng Passioun dofir Geschichte fir d'Kanner vu senge Kollegen ze erzielen. 1865 publizéiert hien eng Geschicht fir d'Alice Liddell, ënnert dem Numm "Alice in Wonderland" an huet domat bis haut e grousse Succès gelant. Den Unisproff fir Mathematik zu Oxford huet mat sengem Wierk de moderne Genre vun der Kanner-Fantasy-Literatur erfonnt.

De Welterfolleg gouf elo vum Henry Wickens op Lëtzebuergesch iwwersat a vum Carole Meyer faarweg illustréiert. De Wickens ass schonn duerch seng Iwwersetzunge vum "Winni-Pu", "D'Haus um Pu-eck" souwéi vum "Hobbit" bekannt.

Geschicht fänkt mam Alice, wat op enger Bänk niewent senger eelerer Schwëster sëtzt, déi e Buch ganz schléifereg liest, un. Bemol kënnt eng wäiss Kanéngche laanscht, déi seet, datt si ze spéit kéim an dobäi op hir Täschenauer kuckt. D'Alice gëtt doduerch virwëtzeg a geet der Kanéngchen no, wouduerch et ëmmer méi déif duerch e Schacht eroffält, bis et an engem Sall mat villen zouenen Dieren ass.

Wann ee rausfanne wëll, wat alles am Wonnerland geschitt, kann een d'Buch mat haarden Deckele fir 19,90 Euro kafen.