1963. Den John F.Kennedy hält zu Berlin eng Ried déi e mat deene berümte Wieder „ich bin ein Berliner“ ofschléisst. Eng wieder Ried déi an d’Geschicht ageet, ass déi déi de Martin Luther King am August vum selwechte Joer zu Washington hält: „I have a dream“. Den 22sten November gëtt den John F.Kennedy zu Dallas erschoss. Eng Zäit vum Embroch, an der Hoffnung an Enttäuschung no beieneen louchen. An dem Joer spillt och dat Buch dat mer Iech haut an eiser Lecture vun heiheem virstellen: „Den drëtte Schlëssel“ vum Jean Schoos. D’Bea Kneip huet et gelies.

„Den drëtte Schlëssel“ vum Jean Schoos ass bei den Editions Guy Binsfeld erauskomm.