Abrakadabra! "Zweemol schwaarze Kueder" ass eng nei Novell vum Gast Groeber.

Den Titel vun deem Buch dat mir Iech haut virstellen, erënnert e bëssen un en Zaubersproch. "Zweemol schwaarze Kueder" ass déi nei Novell vum Gast Groeber. D'Bea Kneip huet sech mat him doriwwer ënnerhalen.

zweemol schwaarze Kueder

Schwaarz Kazen hu jo ëmmer nach eppes Mysteriéises u sech gehat, am Mëttelalter goufen se souguer mat Hexen a Verbindung bruecht. An dësem Buch sinn et direkt zwee schwaarz Kuederen déi eng Roll spillen. Haaptsächlech geet et awer ëm eng Koppel, d'Florence an den Jogg. Alles fänkt un op engem ganz normalen Owend, d'Florence ass schonn doheem, den Jogg profitéiert vun dem schéine Spéitsummerwieder fir lafen ze goen. An do kënnt et zu engem Ugrëff...
Wat ass geschitt? Ze vill soll hei net verrode ginn, just esou vill: den Jogg brauch Hëllef. An déi sicht e fir d'éischt emol beim Florence.
Wat ass dat fir eng Koppel, ëm déi et hei geet?
Villes ass tëscht hinnen ni ausgeschwat ginn, keng Zäit, den Jogg huet missten u senger Carrière bastelen iwwerdeems d'Florence sech ëmmer méi vun him zeréckgezunn huet. Esou ass et dozou komm, dass déi Schicksalsschléi déi d'Koppel getraff hunn, sech wéi e Kriibs ënnert der Uewerfläch konnten ausbreeden, a schlussendlech hir Relatioun zerfriess hunn. An der Noutsituatioun an der den Jogg sech elo befënnt, ass d'Florence awer fir hien do. Allerdéngs muss hat eng drëtt Persoun ëm Hëllef froen déi géint hire Wëllen do mat eragezu gëtt. Et ass e Veterinaire, den zoufälleg an der Géigend war.
Mat deene Personnagen spillt den Auteur, léisst se souzesoen openee lass. Vun der form hier erënnert dem Gast Groeber seng Novell un eng griichesch Tragedie. Ofgesinn vun e puer Réckblenden déi néideg sinn, fir d'Handlung ze verstoen, spillt sech alles an Zäit vu maximal enger Stonn of, op enger kloer definéierter Plaz, mat ebe just deenen 3 Personnagen, déi sech souzesoen an engem Huis Clos befannen.
D'Protagonisten attackéieren sech just verbal, mä trotzdem geet et haart op haart, tëscht dem egozentresche Fräizäitsportler, senger éischter gefillsbetounter an intellektueller Fra an dem aarme Véidokter deen als Mediateur hierhale muss. Dat ganzt dezent gewierzt mat engem Gaaschtoptrëtt vun de soziale Medien déi duerch hir Omnipräsenz e puer Rëss an dee Huis Clos erabréngen. "Zweemol schwaarze Kueder" huet e ganz subtile schwaarzen Humor dee mer eigentlech ganz gutt gefall huet, mat just engem klenge Bemol. Dat ass de Schluss vun der Geschicht, dee fir mech net esou richteg bei dem Florence säi Charakter passe wëll. Mä dat muss all Lieser fir sech selwer decidéieren.

"Zweemol schwaarze Kueder" vum Gast Groeber ass am Verlag Op der Lay erauskomm

RTL

© RTL/Bea Kneip