Dës Woch hutt et dacks gereent, mee dat heescht nach net, datt eis Waasserreserven nees opgefëllt sinn. Wéi steet et no der Dréchent am Summer ëm eis Drénkwaasserversuergung an ëm eist Grondwaasser? A wéi gutt si mer op déi nächst Iwwerschwemmunge preparéiert? Dat froe mer e Freideg de Moien den Direkter vun der Waasserverwaltung. De Marc Hans ass kuerz no 8 Auer eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.