Fir "Le murmure du monde et autres fragments" krut de Lambert Schlechter 2007 de Servais-Präis. "Le murmure du monde" ass och den Titel vun engem Zyklus an dem den Dichter kuerz Prosatexter regroupéiert. "Une mite sous la semelle du Titien" ass de siwente Band vun deene "proseries" an eent vun de 5 Bicher déi dëst Joer op der Shortlist vum Servais-Präis stinn. D'Bea Kneip stellt Iech et vir.

Une mite sous la semelle du Titien

"Cette mite couchée sur le dos, aplatie, blanchâtre, bien visible à cause de la couleur brique du carrelage, probablement déjà desséchée à l'intérieur, tout le psychisme qui était sans doute dans son ventre mou s'est évaporé, impossible de savoir comment elle est finalement morte, impossible de savoir si elle a vécu la plénitude de sa vie de mite, son psychisme s'est infintésimalement dilué dans l'espace, alourdissant de son poids éthéré la pesanteur de l'univers, cette mite sur le dallage, le Titien ne l'a pas vue, cette petite macule, inoffensive saleté, c'est peut-être lui qui a marché dessus, l'aplatissant, alors que le petit ventre palpitait encore avec un dernier reste de vivacité."  
Vergänglechkeet an Dout, awer och Schéinheet, Liewesfreed an Erotik, dës Ambivalenz charakteriséiert net nëmmen d'Wierk vun deem venezianesche Meeschter aus dem 16te Jorhonnert, dës Themen sinn och an der Poesie vum Lambert Schlechter omnipräsent. Seng Poesie, awer och seng Proseries, kuerz Prosa-Fragmenter vun deenen der 108 an "Une mite sous la semelle du Titien" ze fanne sinn.

Gedanken, Erënnerungen, Reflexiounen iwwer säin eegent Liewen a seng Erfahrungen, awer och Referenzen op déi sëllechen Auteuren mat deenen dee passionnéierte Bicherfrënd sech beschäftegt huet. Vun Hesiod bis Jim Harrison, vu Montaigne iwwert déi  chinesesch Philosophie bis bei déi russesch Klassiker. Et sinn déi fundamental mënschlech Themen déi de Lambert Schlechter interesséieren.
.
"Peut-on être aussi comblé que je l'ai été" sou zitéiert hien e russeschen Novellist, e gewësse Leonid Torganov. An esou sinn all seng Texter, souguer wann se di méi däischter Momenter thematiséieren, ëmmer vun enger enormer Liewesfreed geprägt.

Wann een dëst buch an engem Wuert misst resuméieren, dann ass et Intensitéit. Intensitéit vun der Billersprooch, vun den Emotiounen, déiselwecht Intensitéit déi och d’Faarwespill an den Tableauen vum Tizian auszeechent.

"Une mite sous la semelle du Titien" vum Lambert Schlechter ass bei Tinbad Poésie erauskomm

© RTL/Bea Kneip