D'Orangi ass e lëschtegt klengt Meedchen, hat ass just heiansdo e bësse verdreemt...

An eiser Lecture vun heiheem hu mer haut emol nees e Kannerbuch fir Iech. "Orangi - Jidderengem seng Chance" ass eng Geschicht fir ze kucken, ze liesen, ze lauschteren oder souguer selwer op der Bün nozespillen! D'Bea Kneip hat d'Autorin an Zeechenerin Josée Bourg op Besuch.

Orangi - Jidderengem seng Chance

D'Orangi ass a léift a lëschtegt klengt Meedchen. Hat ësst besonnesch gären Orangen, Mandarinnen, Muerten, Kürbis a Wirschtercher, eben alles wat orange ass! Am léifsten ass hat dobaussen, léisst de Wand mat sengen Hoer spillen a ka stonnelaang de Wolleken nokucken. Meeschtens ass hat alleng, well säi Brudder a seng Schwëster sëtze léiwer virum Computer. A seng Klassekomeroden maachen ëmmer e bëssen de Geck mat him, well d'Orangi, ass e bësse verdreemt...   
Hat wier frou wann et Frënn hätt mat deenen et kéint spillen. Bis hat dem Azzurro begéint, engem klenge bloe Villchen den net fléie kann...an dem Struwwel, engem struppege klengen Hieschen dee keng Eltere méi huet...
Sou verschidde wéi déi nei Frënn sinn, eppes verbënnt si alleguer: si sinn anescht wéi déi aner a sinn éischter Aussenseiter.
"Jidderengem seng Chance" dat ass den Ënnertitel vum Buch. Et ass allerdéngs net nëmmen e Buch: D'Josée Bourg huet d'Orangi och als Theaterstéck konzipéiert, dat een op Ufro bei hir kréie kann. Als richteg Allround-Kënschtlerin huet si nieft der Geschicht an deene ville faarwegen Zeechnungen och Musek mat agebaut. Besonnesch frou ass si, dass d'Sophie Zaika, d'Duechter vun der verstuerwener Cellistin Lisa Berg, d'Lidder op der CD séngt. D'Josée Bourg an d'Lisa Berg hu sech gutt kannt, an dacks zesumme geschafft.

Dem Orangi a sénge Frënn kann een elo an de Bicherbutteker begéinen.

An nach 2 Kannerbicher...

Engem neie Frënd begéint och dee faarwegen Elefant Elmar an der neier Geschicht "Den Elmar an dee Friemen". An dass ausgerechent hien als Elefant engem Känguru hëlleft sprangen ze léieren...dat ass schwéier ze gleewen, mä esou ass et!
Hopsen, sprangen oder einfach spadséiere goen...mam Concertinabuch "Eng Strooss déi lieft" kann een sech eng ganz Strooss mat heem huelen! Einfach opklappen, opstellen a scho kann de Spaass lassgoen. An dem Pir senger Patisserie e gudde Kichelchen iessen oder sech beim Coiffeur Krausel eng cool nei Coiffure maache loossen...der Fantasie si keng Grenze gesat, fir jonk Stadmais tëscht 3 a 7 Joer.

"Orangi-Jidderengem seng Chance" vun der Josée Bourg ass bei SNE édtions erauskomm. "Eng Strooss déi lieft" an "Den Elmar an dee Friemen" sinn an der lëtzebuergescher Iwwersetzung bei Kremart édition erauskomm.

© RTL/Bea Kneip