Wien dagsiwwer vill op de Been ass, kennt mat Sécherheet den Ausdrock "D'Schong voller Féiss hunn". Abee, an eiser Lecture vun heiheem stellt d'Bea Kneip Iech haut e "Buch voller Féiss" vir: "Dat grousst Féissbuch" vum Roland Harsch.

Dat grousst Féissbuch

Fir Rasch(t)Auer krut de Roland Harsch 2015 de Lëtzebuerger Buchpräis. Och den Titel vu sengem neitste Buch ass nees eng Kéier e Wuertspill, dat een net nach extra z'erkläre brauch. "Dat grousst Féissbuch" war awer net vun Ufank un esou geplangt.

252 Säiten huet et, Foussnouten abegraff, do kann een sech froen, wat gëtt et dann esou villes iwwer Féiss z'erzielen?

"Ein weites Feld" sou dréckt de Roland harsch et aus, an dat kann ee ganz bestëmmt soen! Well Féiss kënnt een nun emol net esou liicht aus de Féiss. Net an der Musek wou de Franz Schubert als "De Wanderer par excellence" zitéiert gëtt, net an der Literatur wéi en Extrait aus dem Goethe senge Wahlverwandschaften beleet, a scho guer net am Mäerchen, an dem sech bekanntlech déi béis Stéifschwësteren hir Féiss verstëmmelen fir dass se an de Schong erapassen. A wie mengt, Märercher géifen ni wouer ginn, dee ka sech hei vum Géigendeel iwwerzeegen. Net nëmmen dee chinesesche Lotusfouss, mä och déi modern Chirurgie mécht alt emol de Fouss passend fir an de Schong...Wat keng ganz gutt Iddi ass, well mat futtisse Féiss huet ee bekanntlech e schwéiere Stand! Op de Féiss berout einfach alles...souguer bei engem vun de gréissten Evenementer an der Stad Lëtzebuerg geet et eigentlech just ëm d'Féiss...

Lo hat de Roland Harsch eigentlech geplangt gehat, säi Buch mat Fotoen z'illustréieren, mä déi streng Bestëmmungen a Saachen Autorerechter hunn him e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Doropshin huet de Verlag virgeschloen mam Zeechner Michel Geimer zesummenzeschaffen, den dann och stante pede bereet war fir d'Buch mat e sëlleche Féiss an alle Variatiounen ze verschéineren. Domat war aus der Nout eng Dugend ginn.

Villes hätt nach an dat grousst Féissbuch eragepasst, mä da wier et wuel nach e puer Schonggréissten driwwer gewiescht. Sou wéi et ass, ass et e gelongenen Denkustouss fir emol iwwert déi Kierperdeeler nozedenken, op déi mer eis blannemännerches verloossen wa mer am Liewen och nëmmen ee Schrack wëlle virukommen. Dem Roland Harsch säin Humor ass heiansdo méi graff an heiansdo méi subtil, en deckt dee ganze Spektrum of, vu Quadratlaatsch bis Paräiser Schingelchen. Mäin Tipp: leet d'Féiss erop a vill Spaass beim Liesen!

"Dat grousst Féissbuch" vum Roland Harsch ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.

© RTL/Bea Kneip