Fir d’drëtte Kéier léisen den Inspekter Wagner a seng Assistenten Verdi an Nunes e kniwwlege Kriminalfall.

“Vrais masques et fausses façades” sou heescht den drëtte Band aus der Fieder vum Autoren-Duo Basso-Lunghi. Véierhänneg schreiwen, dat ass jo schonn ongewéinlech genuch, mä déi zwee Auteuren hunn nach 4 weider Schrëftstellerkollegen invitéiert fir hire Pefferkär a Form vu je engem Kapitel dobäizeginn. D’Claire Leydenbach, d’Nathalie Ronvaux, de Jeff Schinker an den Tullio Forgiarini hu sech net laang fléiwe gelooss an esou ass e Krimi entstaanen bei dem et dem Lieser schonn emol kann dronkeg ginn…

E Mord an enger Fréijorsnuecht matzen am Stadzentrum, Drogendealer, e russesche Millionär, dat ganzt opgezunn als Theaterstéck a gewierzt mat der Liibesgeschicht tëscht dem Inspekter Wagner an der Journalistin Sandra déi sech schonn an den zwee éischte Romaner entwéckelt hat. Ausserdeem nees um Rendez-vous: e sëlleche Foussnoten, Ëmwéeër a falsch Pisten…

"Vrais masques et fausses façades" Basso-Lunghi