An dëser Episod vun der RTL BicherLies hunn d'Bea Kneip an de Jérôme Jaminet eigentlech 2 Invitéeën: Den Nico Helminger a säin Heteronym Tomas Bjørnstad.

2018 ass de Gedichtband "Fjorde" erauskomm, geschriwwe vun engem gewëssen Tomas Bjørnstad, engem bis dato onbekannten Auteur mat norwegesche Wuerzelen. Eréischt no véier Joer an zwee weidere Bicher gouf bekannt, dass den Tomas Bjørnstad en Heteronym* vum Nico Helminger ass.
*En Heteronym ass eng Form vu Pseudonym, bei deem net just e fiktiven Numm, mä eng ganz Schrëftstellerperséinlechkeet mat enger eegener fiktiver Biografie geschaaft gëtt.

Säin neiste Buch "Die Verlorenen" ass e Roadmovie, d'Dréibuch vun engem Film Noir, an deem zwee Optragskiller, déi och nach op dee selwechte Virnumm (Roy) lauschteren, sech op der Sich no hirem Affer duerch d'Paräisser Banlieue schloen, woubäi si fläisseg Gin becheren an och schonn emol en Ëmwee iwwer Disneyland a Kaf huelen. Begleet gi si vu Mierschwéngercher, déi dann och nach d'Haaptroll an engem Märche spillen... Am Interview erzielt den Nico Helminger, wéi d'Figur vum Tomas Bjørnstad eigentlech entstanen ass. Ausserdeem geet et ëm onerwaarte Begéinungen, verschwonne Buschtawen an natierlech... ëm Mierschwéngercher.

Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Tomas Bjørnstad (Nico Helminger)

"Die Verlorenen" ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.