2022 huet d'Kerstin Medinger hiren Débutroman "Le départ" virgestallt. Elo ass mat "Le secret de Tadi" eng Suite erauskomm.

Am neisten Episod vun der RTL BicherLies huelen de Jérôme an d'Bea nees eng Autorin an d'Kräizverhéier. Mat hirem éischte Roman "Le départ" hat d'Kerstin Medinger et direkt op d'Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis gepackt. Déi fënnef ongläich Personnagen, déi sech deemools op enger improviséierter Rees duerch Frankräich a Spuenien kennegeléiert haten, begéine sech an hirem neie Roman "Le secret de Tadi" erëm, an dës Kéier féiert hire Wee si op déi aner Säit vum grousse Pull.

Am Interview erzielt d'Kerstin Medinger  wéi si sech mat néng Joer fir d'éischte Kéier un d'Schreiwe gemaach huet, wat d'Wierk vum Miguel de Cervantes fir si bedeit a wéi eng Rees a Latäinamerika en entscheedenden Afloss op hiert Liewen an hiert Schreiwen hat.

31. Am Kräizverhéier: D'Schrëftstellerin Kerstin Medinger

"Le départ" an "Le secret de Tadi" sinn allebéid bei den éditions Phi erauskomm.

RTL

© Jérôme Jaminet

RTL