Scho fir d’véierte Kéier gouf “Das Blaue Sofa” zu Lëtzebuerg opgestallt. An dës Kéier mat engem ganz illustren Invité: Den Abdulrazak Gurnah, 1948 am Sultanat Sansibar gebuer, krut 2021 de Literatur-Nobelpräis. Säi Wierk ëmfaasst 11 Romaner, an deenen hie sech gréisstendeels mam Kolonialismus a senge Konsequenze beschäftegt. Wéi hien 2021 den Nobelpräis zouerkannt krut, waren zwar schonn e puer vu senge Wierker op Däitsch iwwersat, allerdéngs ware se scho vergraff. Si goufen dann natierlech awer nei opgeluecht. Zu senge bekanntste Bicher gehéieren “Das verlorene Paradies” (Paradise, 1994) an “Ferne Gestade” (By the Sea, 2001).
Den Abdulrazak Gurnah ass e Geschichtenerzieler, hie weess wéi ee seng Lieser bei der Staang hält. Seng Bicher si literaresch Meeschterwierker, gläichzäiteg loosse se sech agreabel liesen.
“Das Blaue Sofa” ass d’Literaturformat vu Bertelsmann, d’Gespréich mam Abdulrazak Gurnah gouf an Zesummenaarbecht mam Institut Pierre Werner organiséiert.
Das Blaue Sofa: Nobelpräis-Laureat Abdulrazak Gurnah kënnt op Lëtzebuerg
En Nobelpräis-Laureat kënnt op Lëtzebuerg!: Den Abdulrazak Gurnah krut 2021 de Literatur-Nobelpräis