
De brittesche Schrëftsteller M. John Harrisson ass e Méindeg zu London mam renomméierte Booker Prize 2026 ausgezeechent ginn. Mat sengem Roman "The End of Everything" huet den 81 Joer alen Auteur d'Jury iwwerzeegt. Hien ass domat den eelste Gewënner an der Geschicht vum Literaturpräis.
De Präis ass mat 50.000 Pond dotéiert a gehéiert zu de wichtegsten Auszeechnunge fir engleschsproocheg Literatur. Fir den Harrison, deen zanter Joerzéngten an der Science-Fiction-Zeen bekannt ass, war et déi éischte Kéier, datt hien iwwerhaapt op der Shortlist stoung.
Op just 198 Säiten verbënnt den Harrison eng däischter Zukunftsvisioun mat satireschen Uspillungen op de Brexit, d'Covid-Pandemie an den Afloss vun der KI op den Alldag.
D'Geschicht spillt an enger noer Zukunft, an där eng mysteriéis Katastroph d'Welt verännert huet. Den europäesche Kontinent schéngt verschwonnen ze sinn, wärend rätselhaft Figuren, déi sougenannt "iGhetti", optrieden a mënschlecht Verhalen imitéiere kënnen.
D'Buch géif der Presidentin vun der Jury Mary Beard no weisen, wéi eng Apokalyps net onbedéngt als kloer erkennbaart Evenement geschitt, mee als eng Situatioun, déi d'Mënschen net méi verstinn an net méi erkläre kënnen.
D'Mary Beard huet betount, datt d'Auswierkunge vun der KI op d'Literatur an d'Verlagswelt an de kommende Joren ëmmer méi staark diskutéiert misste ginn. D'Jurymembere wollten dëst Joer bewosst Wierker ervirhiewen, déi duerch hir mënschlech Originalitéit an hir literaresch Eegenheet iwwerzeegen.
Mat sengem Roman huet den Harrison sech géint fënnef aner nominéiert Auteuren duerchgesat: de Marlon James, den Douglas Stuart, d'Elizabeth Strout, de Luke Kennard an d'Rebecca Perry.
Och wann hie bei Science-Fiction-Experten scho laang en héije Ruff genéisst, war hie beim grousse Public bis elo manner bekannt. Mam Booker Prize kritt seng laangjäreg literaresch Aarbecht elo eng vun de prestigiéisten internationalen Unerkennungen.