
Thema vum Nationale Literaturconcours 2026 war d'Poesie. Net manner wéi 98 Recueils de Poésie goufen an der Kategorie vun den erwuessenen Auteur*innen ageschéckt, bei de Jonken tëscht 12 an 19 Joer waren et der 24. Akzeptéiert goufe Manuskripter an de Sprooche Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. Beim Literaturconcours sinn et jo keng fäerdeg gedréckte Bicher, déi ausgezeechent ginn, mä onverëffentlecht Manuskripter. De Jury, deen dës Manuskripter beurteelt, kënnt d'Identitéit vum Auteur oder der Autorin net: d'Texter sinn anonymiséiert. Eréischt, wann d'Entscheedung getraff ass, kann d'Enveloppe mam Numm opgemaach ginn.
Hei d'Decisioun vum Jury ënnert der Presidence vum Pit Hoerold:
An der Kategorie erwuessen Auteur*inne geet den 1.Präis un de Jhemp Hoscheit fir säi Recueil mam Titel "Verieren".
Fir den Auteur, dee mat Romaner wéi "Perl oder Pica" (1998), souwéi e sëllege Kabarettstexter a Kannerbicher zënter Joerzéngten d'Lëtzebuerger Literatur mat gepräägt huet, ass et déi zweete Victoire hannertenee beim Nationale Literaturconcours. 2025 krut hien den 1.Präis fir säi Romanmanuskript "Den Impakt vu Klappentexter", dat mëttlerweil als Buch erauskomm ass. Den 1.Präis ass mat 7500 Euro dotéiert, dernieft kënne bis 5000 Euro fir d'Publikatioun vum Wierk bäigeluecht ginn.
Den 2.Präis (dotéiert mat 4000 Euro) geet un d'Andrea Murphy fir "Funnily Enough… A Collection of Humorous Verse".
Den3.Präis (dotéiert mat 3000 Euro) ass fir d'Lara Well, den Titel vun hirem Recueil ass "Mogme".
En engleschsproochege Recueil hat an der Kategorie vun de Jonken tëscht 12 an 19 Joer d'Nues vir: "A Kiwi in a world of domestic chickens" vum Jayani Baesel.
Am Jury vum Literaturconcours 2026 sinn: Pit Hoerold (Präsident), Claude Bommertz, Sarah Hess, Dana Hempel a Robert Weis.
Déi offiziell Präisiwwerreechung ass en Donneschdeg, de 17.Dezember am CNL zu Miersch. D'Thema vum Nationale Literaturconcours ass d'Kanner- a Jugendliteratur.
D'Motivatioun vum Jury kann een hei noliesen: