Vum Vulleparlament am Gréngewald bis bei d'Maus Ketti"Déierefabelen" aus der Serie "Allerhand" vum SCRIPT

Bea Kneip
De literaresche Genre vun der Déierefabel ass iwwer 2000 Joer al. Och an der Lëtzebuerger Literatur spillt en eng wichteg Roll.
© SCRIPT

D’Elise Schmit kennt een als Autorin vu Kuerzgeschichten an Theaterstécker. An dëser Episod vum Podcast Lecture vun heiheem geet et awer net ëm hir eege Bicher, mä vill méi ëm e Recueil vu Fabelen, un dem si matgeschafft huet an dee beim SCRIPT, also dem Service de Coordination de Recherche et de l’Innovation Pédagogique et Technologique vum Unterrechtsministère erauskomm ass. De Band “Déierefabelen” schreift sech an d’Serie “Allerhand” an. Dës Serie riicht sech an éischter Linn u Lycées-Schüler, ass awer och fir aner interesséiert Lieser zougänglech. Am Interview erzielt d’Elise Schmit wéi ee Stellewäert besonnesch d’Déierefabelen an der Lëtzebuerger Literatur vum 19. a fréien 20.Jorhonnert hunn a wéi dës Texter d’Geschicht vun eisem Land erëmspigelen.

“Déierefabelen” aus der Serie “Allerhand” vum SCRIPT

© RTL

Back to Top
CIM LOGO