
Et ass natierlech och déi perfekt Geleeënheet, seng Noperen an aner Leit aus dem Uert mol nees ze gesinn oder lokal Perséinlechkeeten a Veräiner ze treffen.
Um Wupp vun dësem Artikel fannt Dir eng Oplëschtung vun de Buergbrennen uechter d’Land, respektiv wou Dir eis kënnt matdeelen, wou wéini d’Buerg bei Iech gebrannt gëtt.
All Duerf organiséiert u sech een eegent - oder och e puer - mol méi grouss, mol méi kleng Buergbrennen. Dacks ginn dofir schonn am Virfeld Holz, Stréi a Gehecks gesammelt - eis al Chrëschtbeemercher zum Beispill - fir op enger grousser oppener Plaz als Zort “Scheiterhaufen” mat engem Kräiz oder enger Buerg verbrannt ze ginn.
Dacks gëtt och e Fakelzuch duerch déi verschidden Uertschaften organiséiert, woubäi d’Fakelen de Koup duerno a Brand setzen. Et ass awer och nach ëmmer Brauch - wann och net méi iwwerall - dass déi fir d’lescht bestuete Koppel oder eng lokal Perséinlechkeet d’Buerg ufänkt.
An der Zäit war d’Buergbrennen exklusiv op “Buergsonndeg”, ma mëttlerweil hu vill lokal Veräiner dëse Rendez-vous och schonn op Samschdeg, oder souguer op Freideg verluecht, wat organisatoresch besser ze geréieren ass. A ville Gemenge sinn et Veräiner wéi zum Beispill d’Scouten, déi sech engagéieren, sou dass och déi méi kleng eppes vun der Traditioun hunn.
Zesumme gëtt d’Keelt verjot a symbolesch de Wanter verbrannt. Dat awer net just hei am Land. Och am däitsche Grenzgebitt an op verschiddene Plazen am Frankräich ass de Brauch e Kräiz ze verbrennen e feste Bestanddeel. Am schwäbesch-alemannesche Raum heescht eist d’Buergbrennen zum Beispill “Funkenfeuer”, zu Zürich an der Schwäiz gëtt op “Sechseläuten” eng Buerg (Böögg) verbrannt a bei eise franséischen Noperen ass et d’"fête des brandons”.

Ursprénglech war d’Buergbrennen oder d’Faaschtefeier en heednesche Brauch a war nach ëmmer am Ufank vum Fréijoer. D’Feier steet symbolesch fir de Retour vum Fréijoer, respektiv d’Verdreiwe vum Wanter. Et ass den Triumph vun der Hëtzt iwwer d’Keelt.
Fréier hunn d’Baueren an d’Wënzer vum Buergbrenne profitéiert, fir d’Wieder virauszesoen: “Wéi den Damp op Buergsonndeg geet, sou geet en de ganze Virsummer”. Experte soen awer och, dass d’Wuert “Buerg” u sech näischt mat enger Buerg ze dinn huet, mä ass op dat laténgescht Wuert “burere”, also “brennen” zeréckzeféieren.
Wou a wéini gëtt dëst Joer de Wanter verbrannt? Schéckt eis Informatiounen iwwert Ären Evenement hei iwwert de Formulaire eran.
Tipp: Wann Dir op dëser Plaz kee Formulaire gesitt, musst Dir fir d’éischt d’Cookies vum Site acceptéieren.
Hei fannt Dir d’Informatiounen zum Buergbrennen, sou wéi mir se zejoert eragemellt kruten. Wann eppes geännert huet dëst Joer, op wéi enger Plaz d’Buerg gebrannt gëtt, respektiv wien den Organisateur ass, zéckt net eis dat matzedeelen. Sollt ee Buergbrennen an dëser Oplëschtung feelen, och da wiere mer frou, wann Dir eis dat matdeelt.
Kursiv geschriwwen: Informatioune vum Buergbrennen 2025
Normal geschriwwen: Aktualiséiert Informatioune mat Datum an Auerzäit vun 2026