Am Kader vum "President’s Day"Lëtzebuerger US-Ambassade gratuléiert Donald Trump a léist domadder vill Reaktiounen aus

David Winter
En Dënschdeg huet d'US-Ambassade e Post an de soziale Medie publizéiert, deen nawell fir vill negativ an amuséiert Reaktiounen am Netz gesuergt huet.
© U.S. Embassy Luxembourg

An de soziale Medie gouf säitens der US-Ambassade zu Lëtzebuerg en Dënschdeg eng Foto gepost, op där een d’Ambassadrice Stacey Feinberg zesumme mam US-President Donald Trump gesäit. Mat dëser Foto wollt een dem US-President Donald Trump fir de sougenannte President’s Day gratuléieren an nennt dësen dobäi de “Greatest President in History”, also de beschte President an der Geschicht.

De President’s Day gëtt traditionell all drëtte Méindeg am Februar gefeiert, wou et eben, wéi den Numm et seet, drëms geet, de President vun den USA ze éieren.

D’Reaktiounen hunn net laang op sech waarde gelooss, allerdéngs warscheinlech net an déi Richtung, déi een sech an der Ambassade an der Stad initial erwaart respektiv erhofft hat.

Kuckt ee sech eleng d’Verdeelung vun den Emoji-Reaktiounen op de Post op Facebook un, gesäit een nawell gutt, dass d’Reaktioune bei de Leit éischter negativ, respektiv amuséiert ausgefall sinn. Vun de bal 10.000 Reaktioune waren der 8.911 Laach-Smileyen, 219 Leit hu souguer e rosene Smiley hannerlooss. Nëmme ronn 526 Mol krut de Post e Like, 119 Mol en Häerz. (Stand 18.02.2026 14:25)

Eng Partie Leit an de mëttlerweil iwwer 3.000 Kommentare loossen dann och onverblimmt wëssen, wat si vum US-President respektiv dem Post vun der Ambassade halen, an dass een net averstane mam Donald Trump senger Politik wier. Anerer huelen et méi op déi liicht Schëller a schwätze souguer vun deem “beschte satiresche Post”, deen ee bis elo gesinn hätt. Rëm anerer gesinn dëse Post da ganz positiv.

Egal wéi huet d’US-Ambassade zu Lëtzebuerg mat dësem Post fir Opmierksamkeet gesuergt, dat schéngt kloer ze sinn.

Back to Top
CIM LOGO