
Zu Ostrava an Tschechien konnt d'Marie Schreiber de Freideg den Owend den 1. Weltcup Cyclocross vun der Saison virun der ganzer Welt-Elite gewannen. Déi 23 Joer jonk Sportlerin konnt sech am leschten Tour vun den zwou Hollännerinnen Aniek van Alphen an Manon Bakker ofsetzen an sech mat enger klenger Avance op der Arrivée presentéieren.

"Dat hei war eppes ganz Spezielles, en néie Parcours, de Schnéi an d'Äis. Am Ufank hat ech e bësse Problemer, fir an d'Pedallen ze kommen, dono hunn ech de Vëlo gewiesselt a mäi Rhythmus fonnt. Wou ech dunn bei d'Aniek van Alphen konnt opschléissen, do hunn ech gesinn, datt ech op e puer Plazen méi staark wier an konnt am leschten Tour eng Differenz maachen. De Weltcup ass fir mech net direkt en Zil, well ech net all d'Coursse wollt fueren. Wann et awer lo weider esou gutt leeft, da muss een dat vläicht nach eemol kucken."
Et ass déi zweet Kéier a hirer Karriär, datt si eng Weltcup-Victoire ka feieren.
D'Liv Wenzel konnt sech als 26. klasséieren an hat e Retard vun 3 Minutten a 29 Sekonnen.
E Sonndeg geet et scho mat der nächster Course weider. Och déi ass an Tschechien, méi genee zu Tabor.