Nei um Bichermaart"Et wor emol zu Lëtzebuerg - Mënschen an Tatsaachen aus der Stad" vum Marc Thoma

RTL Lëtzebuerg
Dëst Buch gëtt et och an enger franséischer Versioun, mam Titel « Il était une fois le Luxembourg »
© Baobab Luxembourg

Pressetext vu Baobab Luxembourg:

Neit Buch vum Marc Thoma mat Personagen a Geschichten aus der Stad
An sengem neie Buch mat villen Illustratiounen „Et wor emol zu Lëtzebuerg – Mënschen an Tatsaachen aus der Stad“ (Baobab Editions) verzielt de Marc Thoma interessant Geschichten, a beschreift ongewéinlech Personnagen aus der Stad Lëtzebuerg.

Eng faarweg Rees duerch d'Geschicht vun der Stad
D’Stad Lëtzebuerg ass voller Geschichten. D’Stad Lëtzebuerg ass voller Geschichten. Dëst Buch hëlt de Lieser mat op eng faarweg a spannend Rees duerch d’Joerhonnerten. Et verzielt vun aussergewéinleche Perséinlechkeeten, dramatesche Schicksaler, vu Leit, déi hir Zäit gepräägt hunn, a vu Plazen, déi bis haut hir Spueren an der Stad hannerlooss hunn.
Bild an Text verbannen sech zu engem liewege Portrait mat villen opreegende Geschichten, an deenen d’Vergaangenheet erëm lieweg gëtt an de Lieser a fréier Zäiten zeréckversetzt.
Entdeckt d'Stad Lëtzebuerg, wéi dir se nach ni erlieft hutt.

IWWERT DEN AUTEUR
Marc Thoma huet Journalismus a Politikwëssenschaften zu München an Tréier studéiert. Als Journalist bei RTL Radio huet hien ënner anerem d'Emissiounen „Geriichtschronik“ an „Ökomagazin“ realiséiert a moderéiert. Bei Télé Lëtzebuerg war hien iwwer Joerzéngten Auteur a Produzent vu bekannten Sendungen, dorënner „D'Bommeleeër“ an „De Nol op de Kapp“. Mat der Serie „Et wor emol“ huet hien an iwwer 120 Radio- an Télévisiouns-Emissiounen d'Geschichte vu Lëtzebuerg op eng lieweg Manéier vermëttelt. Als Filmregisseur ass
de Marc Thoma op Doku-Fiktiounsfilmer spezialiséiert. Zu senge bekannteste Produktioune fir Kino an Télévisioun zielen „Emil“, „D'Engelcher vu Schëndels“, „1000 Joer Buerg Klierf“ an „Operatioun Pauly“. Vill Biller a Szenen aus dëse Filmer hunn och an dësem Buch eng nei Form fonnt.

PRAKTESCH INFOEN
Titel: Et wor emol zu Lëtzebuerg
Editeur: Baobab Luxembourg
Auteur: Marc Thoma
Kollektioun: Baobab Editions
ISBN: 978-2-919836-27-7
Format: A4, Hardcover
Säitenzuel: 56 Säiten
Genre: Illustréiert Geschichtebuch
Alter: 14 - 99 Joer
Präis: 25 € ttc. (24,27 € ht.)

© Baobab Luxembourg

INFORMATIONS PRATIQUES (franséisch Versioun)
Titre : Il était une fois le Luxembourg
Éditeur : Baobab Luxembourg
Auteur : Marc Thoma
Collection : Baobab Editions
ISBN : 978-2-919836-34-5
Format : A4, couverture rigide
Volume : 56 pages
Genre : recueil d'histoires illustré
Âge conseillé : 14 - 99 ans
Prix : 25 € TTC (24,27 € HT)

Back to Top
CIM LOGO