BicherLies Buchtipp"Mein privates Glück" vum Michael Köhlmeier

Jérôme Jaminet
Bea Kneip
D'BicherLieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip ënnerhale sech iwwer den neie Roman vum Michael Köhlmeier an de Jérôme verréit dem Bea, firwat den éisträicheschen Auteur säi Liblings-Schrëftsteller ass.
© Jérôme Jaminet

A sengem neie Roman "Mein privates Glück" reest de groussen éisträicheschen Auteur Michael Köhlmeier an déi eege Kandheet a Jugend a leet d'Wuerzele vu senger Erzielkonscht fräi. Am Mëttelpunkt steet säin Opwuessen an enger "erzielsüchteger" Famill, an där vill geschwat, awer och esou munches verschwige gouf. Dobäi geet et ëmmer erëm ëm d'Fro, wéi zouverlässeg Erënnerunge sinn a wat geschitt, wann d'Imaginatioun déi eidel Plazen ausfëllt.

© RTL/Grafik

Am neien Episod vun der BicherLies schwätzen d'Bea Kneip an de Jérôme Jaminet iwwert e ganz perséinlecht Buch, iwwer d'Verhältnis tëscht Erënnerung a Fiktioun an iwwert dem Köhlmeier seng grouss Konscht, Mënschen an hire Widderspréch ze weisen.

D'BicherLieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip ënnerhalen sech iwwer den neie Roman vum Michael Köhlmeier

Back to Top
CIM LOGO