Den Émile denkt dacks drun zréck, wéi alles ugefaangen huet. Doheem am Gaart, mat enger klenger HD-Kamera a mat sengem Brudder, dem Tommy Schlesser. Schonn als Kanner hu si zesumme kleng Filmer gedréint: den Tommy virun der Kamera, den Émile hannendrun. Un der Rollenopdeelung huet sech bis haut näischt geännert - just un den Dimensiounen.
"Mir treffen eis da Moies virun all deene Camionen, an do lafe 50 Leit ronderëm mat Kameramaterial, an den Tommy an ech hunn eis ugekuckt a mir hunn eis geduecht: ‘dat ka jo net sinn’", erzielt den Émile, "et kënnt eis vir wéi gëschter, wou mer nach eis kleng Filmercher gedréint hunn, an elo däerfe mer op eng Kéier op enger grousser Leinwand molen! Dat war wierklech ee Moment, wou mer allen zwee geduecht hunn, mir géifen dreemen."
Den Émile huet den Zenario fir "Mortal Beings" geschriwwen, féiert Regie, mécht souguer de Montage selwer a produzéiert de Film. Den Tommy spillt eng vun den Haaptrollen, de Paul. Fir den Émile wier schonn ëmmer kloer gewiescht, dass hie kee Film ouni den Tommy wéilt maachen. "Ech schaffe mat kengem besser wéi mam Tommy", esou de Realisateur. An och säi klenge Brudder confirméiert, dass et ee gutt Zesummespill wier, wat quasi ouni Wierder funktionéiert.
De Film "Mortal Beings", op lëtzebuergesch "Stierflech Wiesen", ass eng schwaarz Komedie, déi sech ronderëm d'Thema "al ginn" an all den domat verbonnenen Erausfuerderungen dréint. An erzielt gëtt d'Geschicht aus der Perspektiv vu Millenials. Dat ass déi Generatioun, déi haut tëscht 30 a 45 Joer al ass - och nach Generation Y genannt. Et geet ëm hir Erfarungen a Gefiller an dëser Liewensphas, an där sech dacks Villes séier ännert. Och den Émile gehéiert zu där Generatioun.
"Ech hu Schwieregkeeten domadder, fir mat där Vitess, wou sech Saache veränneren am Liewen an déi grouss Entscheedunge sech stellen, fir domadder eens ze ginn. Fir do der Zäit hannendrun ze hippen. Dat ännert sech alles méi séier, wéi et mir léif ass. An ech mengen domadder kënne ganz vill Leit sech identifizéieren."
Och d'Schauspiller am Film hu sech scho mol mat deem Thema auserneegesat, verrode si eis am Interview. "Ech krut 45 Joer elo an dat huet schonn eppes mat mer gemaach. Et ass iergendwéi eng Grenz, déi iwwerschratt ginn ass", esou de Luc Schiltz, deen am Film matspillt. D'Actrice Julie Kieffer seet dozou: "Ech sinn och elo Ufank 30. Et gëtt sou eppes, wou een ufänkt vläicht dann och eng Famill ze grënnen a sech iergendwéi méi ze 'settelen' an dann ass dat automatesch en Thema, wat ëmmer méi grouss gëtt a wou ee mierkt, dass d'Liewe sech einfach bëssen ännert."
Passend zu Verännerungen huet den Émile sech fir säi Film fir d'Format Anthologie entscheet. De Film besteet aus fënnef Deeler: fënnef verschidde Geschichten, mat hiren eegene Personnagen, déi awer thematesch zesummen hänken."Déi gréissten Erausfuerderung beim Format Anthologie ass, dass ee sech ëmmer op een Neits op eng nei Geschicht aloosse muss a mat engem neie Personnage connectéieren. A knapps huet ee sech un dee Personnage gewinnt, ass d'Geschicht eriwwer an et fänkt eng nei un, an da muss een erëm bei null ufänken", erkläert den Émile, deen d'Iddi fir de Film schonn 2021 hat.
D'Resultat kënnt am Laf vum nächste Joer an de Kino. Et dierft ee sech gefaasst maachen op eng Aachterbunnfaart vun de Gefiller – a wann et dem Émile no geet, kann et nom éischte Long-métrage direkt esou weidergoen. Déi nächst Projete leie scho prett.
Am Video-Reportage kréie mir en Abléck an d'Dréiaarbechten um Kierfecht an an enger Villa, mir léieren dem Émile seng Eltere kennen, a gi gewuer, mat wéi engen Tricks um Set geschafft gëtt.