"Star Wars" Expo zu TokioWéi vill wier Iech en originaalt Liicht-Schwäert wäert?

Tom Nols
Zu Tokio fänkt eng grouss "Star Wars"-Expo un, déi am November zur Auktioun wäert ginn. En originaalt Liicht-Schwäert aus zwee Filmer ass Millioune wäert.
En originaalt Liicht-Schwäert aus "Star Wars" ass Millioune wäert
Zu Tokio fänkt eng grouss "Star Wars"-Expo un, déi am November zur Auktioun wäert ginn. Zeg original Objete wäerten dann ënnert den Hummer kommen.

Fans vun der "Star Wars" Film-Saga wäerte mat engem besonneschen A op déi Expo blécken, déi de Moment a bis de 27. Oktober zu Tokio ze gesinn ass.

Zeg Elementer, wéi Kostümer, Deeler vu Kulissen an original Liicht-Schwäerter, déi a verschiddenen Deeler vun der Filmrei benotzt gi sinn, kann ee sech do ukucken a spéider, bei passendem Budget, och steeën.

Am November ass eng grouss Auktioun virgesinn, op där déi exklusiv a seelen Artikelen ënnert den Hummer wäerte kommen. Fir e Liicht-Schwäert, dat an de Filmer "The Empire strikes back" an "Return of the Jedi" benotzt ginn ass, dierft deen héchste Präis erwaart ginn.

Déi leschte Kéier, wéi et versteet gi war, hat ee Fan 3.6 Milliounen Dollar dofir bezuelt.

Back to Top
CIM LOGO