D’Sofia an d’Joan, zwou Schwësteren aus dem Minett, si vu Kand un onzertrennlech. Och wa se sech dacks streiden, well dat eent éischter zeréckhalend an dat anert dogéint direkt, haart an extrovertéiert ass, sinn déi zwee awer net vuneneen ewech ze denken. Si deele sech déi nämmlecht Liewenssituatioun a stinn allen zwee virum Ufank vun hirem neie Liewen als jonk Erwuessen.
Wéi d’Joan allerdéngs am Summer no hirem Premièresexamen onerwaart ëm d’Liewe kënnt, ass näischt méi wéi et war. Doropshin ënnerhëlt d’Sofia an engem Gap year genee déi Rees, bis op eng kleng Insel a Griicheland, déi eigentlech seng Schwëster geplangt hat.
De Film, dee ganz ouni Dréibuch a chronologesch, esou wéi dem Sofia seng Rees, gefilmt gouf, hëlt ee mat duerch déi verschidde Joreszäiten a Liewensphase vum Sofia wärend engem Joer Trauer.
Duerch Zäitspréng, gëtt een ëmmer nees mat a seng Vergaangenheet geholl a kritt esou direkt wéi ni ze spieren, wat et fir hatt bedeit elo eleng ze sinn. D’Sofia schéngt op der Sich no eppes, wat et net fanne kann a vu Persoun zu Persoun a vu Plaz zu Plaz, déi et op senger Rees kenneléiert, kënnt et senger Geschicht an och sech selwer ëmmer méi no.
"Äppel a Bieren" ass en emouvante Film, voller Häerzblutt an Éierlechkeet, dee sech mat deene Scholdgefiller auserneesetzt, déi een no esou engem Schicksalsschlag mat sech dréit. Dem Sofia seng Gefiller ginn immens realistesch duerch de Film vermëttelt an et kritt een um eegene Kierper ze spieren, wéi et ass, wann ee sech a senger eegener Welt op eemol net méi doheem fillt.
De Film ass vun elo un an all Lëtzebuerger Kino ze gesinn. Méi Informatioune fannt Dir um Internetsite vu Les Ciels Rouges.
