CinEast"Mir wëlle net just e Festival fir Expats sinn"

Isabelle Gillen
Nach bis de 25. Oktober, kann een, am Kader vum CinEast Festival, Filmer aus zentral- an Osteuropa, Debatten, Concerten an eng Expo erliewen.
CinEast: "Mir wëlle net just e Festival fir Expats sinn"
Nach bis de 25. Oktober, kann een, am Kader vum CinEast Festival, Filmer aus zentral- an Osteuropa, Debatten, Concerten an eng Expo erliewen.

Zënter 19 Joer bréngt de CinEast Festival international Filmer op Lëtzebuerg, déi zum Deel grouss Präisser gewonnen hunn.

Dëst Joer si ronn 20 Länner aus zentral- an Osteuropa um Festival vertrueden. De Fokus läit fir déi 19. Editioun um Land Bulgarien, wat keng grouss, ma awer eng ganz interessant Cinematographie hätt, esou den Direkter vum CinEast Festival, Radek Lipka. Als thematesche Fokus, huet de Festival de Begrëff "Crossroads" gewielt:

"Nous avons essayé d'unifier une partie du programme par le cycle thémathique de cette année, qui s'appelle 'crossroads', à la croisée des chemins. C'est un cycle, qui réfléchit sur les moments de suspension, les moments, où les routes se séparent et nous ne savons pas exactement quel endroit, quelle route choisir, individuellement et collectivement."

"Crossroads" ass deementspriechend och den Titel vun der Foto-Ausstellung, déi zanter 2011 all Joer am Kader vum Festival organiséiert gëtt. An der Abtei Neimënster kritt een dës Kéier d'Wierker vu 5 internationale Kënschtler ze gesinn, déi sech op hir ganz eegen Weise mat verschiddene Mënschen an hire Schicksaler ausernee setzen. Hei steet virun allem d'Ukrain am Vierdergrond. De Radek Lipka erzielt wisou se sech dofir entscheet hunn:

"Pour nous, c'est vraiment important de souligner l'importance, même si c'est 5 ans après, que les Ukrainiens ont besoin, plus que jamais, de notre solidarité, aussi bien collective, au nieveau du pays, qu'individuelle, de chacun de nous."

Lëtzebuerg ass och mat enge sëllege Koproduktiounen um CinEast Festival vertrueden. Am ganze ginn et Filmer aus 20 verschiddenen Europäesche Länner ze gesinn. Donieft ginn och eng ganz Rei aner Events, wéi Ciné-Debatten, Virträg, oder Concerten ugebueden. Den Direkter betount och, dass een als CinEast net just e Festival fir Expats wéilt sinn, mee fir jiddereen zu Lëtzebuerg:

"Notre objectif ultime, c'est d'essayer de ramener les différentes communautés ensembles, qui ne font pas que coexister, mais qui puissent être présents pour les mêmes événements et aussi créer les espaces et le temps, pour qu'ils puissent parler et échanger."

Zu den Highlights aus dësem Joer, esou de Radek Lipka, géifen d'Filmer "Fjord" vum Cristian Mungiu, "Fatherland" vum Pawel Pawlikowski an "Das geträumte Abenteuer" vun der Valeska Grisebach, 3 Gewënner vun enger Palme d'Or.

Aus dem Kaderprogramm géif wier eng Debatt mat der Wäissrussescher Oppositiounspolitikerin Sviatlana Tsikhanouskaya besonnesch interessant.

Dee komplette Programm ass um Internetsite vu CinEast ze fannen. De Festival leeft bis de 25. Oktober. D'Ausstellung "Crossroads" an der Abtei Neimënster ass bis den 21. Oktober ze gesinn.

© CinEast

Back to Top
CIM LOGO