RTL Hitmaschinn - Zeréck an d'Zäit1978: Saturday Night Fever, Reeboufändel & Superman

Jean-Marc Turmes
All Sonndeg reest de Radio tëscht 9:00 an 11:00 musikalesch zeréck an d'Zäit.
© Domingos Oliveira / RTL

De Film "Saturday Night Fever" war zwar schonn Enn '77 erauskomm '78 gëtt en zu engem weltwäiten Massephänomen.

A mam Film och d'Musek - vun de Bee Gee's. Et war och den endültegen Duerchbroch vum John Travolta als "Tony Manero", dee kuerz drop duerch seng Roll als "Danny Zuko" a "Grease" nëmme nach sollt ënnermauert ginn.

"Saturday Night Fever" berout u sech op engem Artikel aus dem New York Magazine vu 1976, dee d'Liewe vu jonken Italo-Amerikaner am Cartier Bay Ridge zu Brookyln beschreift: si hu keng berufflech Perspektiv, hiert Liewen dréint sech ëm d'Nuetsliewen an der Disco.

De Film gëtt haut gären als kulteschen Danzfilm gefeiert - an d'Danzzeene sinn och derwäert! - ma de Film bréngt et och fäerdeg de Machismus vun där Zäit op de Punkt ze bréngen. D'Vergewaltegungszeen am Auto, de Personnage vum "Bobby" deen a senger Verzweiflung tragesch ëm d'Liewe kënnt well kee wëll mat him iwwert seng Problemer schwätzen... - och dat ass Saturday Night Fever! Ma d'Musek ass net vergiess, a gëtt haut nach gären als Virlag geholl.

De Film "Saturday Night Fever" war zwar schonn Enn '77 erauskomm '78 gëtt en zu engem weltwäiten Massephänomen.

Et ass de Reeboufändel, dee fir d'LGBTQIA+ Community steet a regelméisseg op Demonstratiounen, Concert'en a Sportsevenementer ze gesinn ass. Entstan ass deen Design 1978, an zwar op Wonsch vum amerikanesche Politiker an Aktivist Harvey Milk, dee se bei sengem Kënschtler-Koleg Gilbert Baker an Optrag ginn huet.

© Domingos Oliveira / RTL

Deen éischte Fändel vum Gilbert Baker hat esouguer 8 Faarwen mat och enger Bedeitung fir all Faarf: Vu Sex iwwer Konscht bis bei de Geescht. Séier awer goufen aus 8 Faarwen der 6. De Grond: d'Faarf Rosa war schwéier ze kréien, an eng ongerued Zuel u Faarwen net praktesch. Ursprénglech war de Reeboufändel e Symbol vum "Gay Rights Movement" zu San Francisco, seng Première hat en de 25. Juni '78 bei der "San Francisco Gay Freedom Day Parade". Haut ass en als "Pride-Flag" e globaalt Symbol fir Villfalt, Toleranz, a Siichtbarkeet.

Et ass de Reeboufändel, dee fir d'LGBTQIA+ Community steet a regelméisseg op Demonstratiounen, Concert'en a Sportsevenementer ze gesinn ass.

1978 fënnt e Film an d'Kinoe, deen de Genre vun der Comicverfilmung nei definéiert. De Christopher Reeve, bis dohinner nach relativ onbekannt, iwwerzeegt als Superman a gëtt iwwer Nuecht e weltwäite Star.

A net nëmmen hien: De Film ënnert der Regie vum Richard Donner beweist datt e Superheld op der grousser Leinwand och ka glafwierdeg eriwwerkommen. "Superman: The Movie" setzt mat opwännege Spezialeffekter, groussem Budget an enger eeschter Geschicht nei Standarden. A leet och de Grondsteen fir all déi Blockbuster, déi bis haut an de Kinoe lafen: vun de sëllege Batmanfilmer bis bei d'Marvel Cinematic Universe.

1978 fënnt e Film an d'Kinoe, deen de Genre vun der Comicverfilmung nei definéiert.

Back to Top
CIM LOGO