RTL Hitmaschinn - Zeréck an d'Zäit1981 - MTV, IBM, Diana & Charles

Bob Konsbruck
All Sonndeg reest de Radio tëscht 9:00 an 11:00 musikalesch zeréck an d'Zäit.
© RTL Grafik
© ARTUR WIDAK / NURPHOTO / NURPHOTO VIA AFP

Den 1. August 1981, kuerz no Mëtternuecht, weist MTV, Music Television, déi éischt Biller. Wat deemools wéi en Experiment kléngt, gëtt séier eng Revolutioun. Déi éischt Wierder hunn d’Richtung uginn: „Ladies and gentlemen, rock and roll.“ an direkt hannendrun den éischte Videoclip: „Video Killed the Radio Star“ vun The Buggles. Wéi mir haut wëssen, sollten d’Buggles net Recht behalen.

Bis dohinner gouf Musek haaptsächlech gelauschtert. Mat MTV ännert dat: Musek gëtt och gekuckt, wat awer och Drock fir d’Kënschtler ass, déi mussen net nëmme gutt kléngen, mee och visuell iwwerzeegen – mat Stil, Moud an enger staarker Inzenéierung.

An de Joren drop entsti Superstare wéi Michael Jackson, Madonna oder Prince. Hir Videoe si méi wéi Reklammen – et si kulturell Eventer. MTV gëtt responsabel fir de Look, d’Sprooch an d’Attitüd vun enger ganzer Generatioun.

Den 1. August 1981, kuerz no Mëtternuecht, weist MTV, Music Television, déi éischt Biller.

Am Summer 1981 geheit d’Firma IBM d’Welt vun der Technologie op d’Kopp: den IBM PC gëtt presentéiet. Wat bis elo éischter eppes wéinst der Gréisst fir grouss Firmaen an Universitéite war, ass elo eppes wat ee sech kann op de Büro stellen. De Computer fir doheem.

Den IBM PC, offiziell als Model 5150 bekannt, ass net méi grouss wéi eng Schreifmaschinn. Bis dohinner ware Computeren deier, komplizéiert a schwéier ze bedéngen. Den IBM PC brécht mat dësem Bild.

IBM decidéiert sech bewosst fir en oppene System. Aner Firmen däerfe Software a Komponente produzéieren, déi mam System kompatibel sinn. Kuerz drop entsti Programmer fir Bréiwer ze schreiwen, Rechnungen ze maachen oder Donnéeën ze verwalten. De Computer gëtt vun engem Spezialinstrument zu engem Aarbechts- an Alldagsapparat.

Schreifmaschinnen, Karteikëschten a manuell Comptabilitéit gi lues a lues ersat. Büroe ginn digital.

D’Zil ass kloer: Computere solle fir jiddereen zougänglech ginn.

Réckbléckend kann ee soen: Mat der Presentatioun vum IBM PC am Joer 1981 hu se net nëmmen en neie Computer virgestallt, mä den Zäitalter lancéiert vun enger digitaler Welt, wéi mir se haut kennen.

Hitmaschinn 1981: IBM

© AFP

Den 29. Juli 1981 erlieft déi brittesch Monarchie ee vun hire gréissten an emotionalsten Momenter: d’Hochzäit vum Prince Charles, Ierfprënz vu Groussbritannien, mat der jonker Princess Diana. D’Zeremonie war an der St. Paul’s Cathedral zu London. Déi Plaz war bewosst gewielt well d’Kathedral méi Leit ophuele konnt wéi d’Westminster Abbey. Ronn 3.500 Gäscht waren invitéiert iwwerdeems Honnerte Dausende Leit d’Stroosse vu London gefëllt hunn.

D’Hochzäit gouf weltwäit live op der Tëlee iwwerdroen a gouf vun 750 Millioune Leit gekuckt. Fir vill wra et eng richteg Mäerchen-Hochzäit. Besonnesch vill Opmierksamkeet krut d’Diana hiert Hochzäitskleed: e wäisst Kleed mat enger 7,6 Meter laanger Schleef, dat séier zu engem vun de bekanntste Kleeder an der Moudgeschicht gouf. D’Diana selwer hat deemools eréischt 20 Joer.

No der Zeremonie ass d’Koppel a enger Kutsch duerch London gefuer, d’Leit ware begeeschtert. D’Hoffnung op eng glécklech Zukunft fir d’Kinneksfamill war grouss. Eréischt Joren drop gouf kloer, datt d’Bestietnes vu Problemer, Drock aus der Ëffentlechkeet a perséinleche Spannunge gepräägt war. Trotzdeem bleift d’Hochzäit vun 1981 bis haut ee wichtegen Event an der moderner Geschicht vum brittesche Kinnekshaus.

Hitmaschinn 1981: Diana an Charles

Back to Top
CIM LOGO