
Den 1. Februar 2004 waren all An op Houston am Texas geriicht. Den 38te Super Bowl. Awer dat wat do um Terrain gelaf ass gouf deen Owend an de Schied gestallt vun enger mini Sekonn an der Hallschent vum Match. D'Pop-Ikon Janet Jackson stoung als Haapt-Akt op der riseger Bün. Zum Schluss vun der bombastescher Show huet den Justin Timberlake sech dobäi gesellt an zesummen hu si 'Rock Your Body' performt. D'Stëmmung am Stadion huet gekacht. Millioune Mënsche weltwäit souze virun der Tëlee an do koum déi berüchtegt Zeil um Schluss wou et heescht, ech wäert dech bis zum Enn vum Lidd plakeg ausgedo hunn (Bet I'll have you naked by the end of this song).

genee an deem Moment huet den Timberlake mat engem heftege Ruck e Stéck vum ieweschten Deel vum Outfit vum Janet sollten erof zéien, awer net de ganze Kostüm. Dat war schif gaang an esou huet een déi riets Broscht vum Janet Jackson fir exakt 0.56 Sekonne gesinn. Liicht bedeckt vun engem sëlwerege Schmockstéck a Form vun enger Sonn. Dohier kënnt den Numm 'Nipplegate'. Gefonntent Friesse fir d'Medien. Bannent kuerzer Zäit sinn iwwer eng hallef Millioun Reklamatioune bei der amerikanescher Kontroll-Instanz era gaang.
D'Konsequenze fir déi zwee Staren op der Bün waren definitiv net déi nämmlecht. Iwwerdeems wou den Justin Timberladke eng Woch méi spéit bei de Grammy-Awards mat zwee Präisser ausgezeechent gouf, ass d'Janet Jackson quasi ausgeluede gi well d'Sängerin refuséiert hat fir sech ëffentlech ze entschëllegen.

D'Excuse gouf méi spéit op der amerikanescher Tëlee gewisen. D'Janet Jackson wat erkläert huet, dass si sech en anert Enn ausgeduecht haten dat awer weder MTV nach CBS oder der NFL gesot hunn. Schliisslech wier um Enn alles schif gaang an d'Sängerin huet gesot dat wier net hier Intentioun gewiescht. Als Reaktioun op dee berüümten Nipplegate huet d'Tëlee an den USA bei grousse Live-Eventer e kënschtlechen Delay vun e puer Sekonnen agefouert.
Den 1. Februar 2004 waren all An op Houston am Texas geriicht.
An engem klenge Studente-Quartier vun der Harvard Universitéit huet den 19 Joer ale Psychologie-an Informatikstudent Mark Zuckerberg e Code a säi Laptop getippt, deen d'Welt verännere sollt. D'Iddi vun 'TheFacebook' war et en digitalen Agenda unzeleeën fir d'Studenten mateneen ze vernetzen, sou huet den deemools 19 Joer ale Student Zuckerberg et och an engem Tëlees-Interview op CNBC erkläert.

Aschreiwen, Profil uleeën, e puer Informatiounen iwwer sech ginn, Kontaktnummeren, Hobby'en, Bicher, Filmer a ganz wichteg, wien d'Frënn sinn. An da kann ee weider sichen. Sou war et d'Iddi fir d'Unien ënnerteneen ze vernetzen. Dat Ganzt ass duerch de Plafong gaang. Den Zuckerberg huet säi Studium ofgebrach, ass a Silicon Valley wunne gaang. Huet de 'The' viru Facebook gestrach an dat wat als en exklusiivt Netz fir US-Unie geduecht war sollt am Joer 2006 fir déi ganz Welt opgoen an en totale Boom ausléisen. De Rescht ass Geschicht wou quasi Jiddereen deen elo nolauschtert ka matschwätzen.
A wat ass aus dem Mark Zuckerberg ginn? De Student mam Kapuzepullover vun deemools ass an der Top Ten vu de räichsten a mächtegste vun der Welt. Den Haut 42 Joer ale Tech-Imperator huet awer net nëmme Frënn. Déi eng werfen him beispillsweis vir User-Daten ze sammelen a sech net ëm d'Privatsphär vun de Leit ze këmmeren. Anerer feieren hien, och wéinst senger philanthropescher Oder. Fest steet. Seng Iddi, Facebook ass am Joer 2004 gebuer ginn.
Et ass den zweete Chrëschtdag, de Moie vum 26. Dezember 2004. Idylle op den éischte Bléck. Zur nämmlechter Zäit wackelt de Buedem am Indeschen Ozean mat enger onvirstellbarer Gewalt. Den immensen Drock rappt de Mieresbuedem op a léist eng déidlech Kettereaktioun am Indeschen Ozean aus. Op de flaache Plage vun Thailand, Indonesien a Sri Lanka zitt d'Mier sech honnerte vu Meter wäit zréck. Touristen profitéiere fir eraus ze trëppelen, ouni och nëmmen drun ze denken, dass dat d'Virzeeche vun enger enormer Katastroph kéinte sinn. Kuerz duerno huet den Inferno mat voller Wucht zougeschlo. Bis zu 30 m héich Wellen hunn ouni Gnod alles néier gemaach wat hinnen an de Wee komm ass. Gebaier, Palmen, alles ass fortgeschwemmt ginn. Autoen, Booter.

D'Ausmooss vun der Tragedie war eréischt Deeg no der Katastroph ze gesinn. Iwwer 230.000 Mënschen a 14 Länner hunn hiert Liewen an de Flute verluer. Kaum engem war de Begrëff vun engem Tsunami virdru bekannt. Als Konsequenz aus dem Desaster ass en Tsunami-Warnsystem am Indeschen Ozean installéiert ginn déi Haut do ass fir déi Eenheemech an d'Touristen bei enger Gefor am Viraus ze warnen.