
D'Elisabeth Conter ass Head of Delegation beim ESC an ass Project Managerin vum LSC bei RTL. Mat him hu mir op déi lescht Wochen zeréckkuckt a wollte wëssen, wat sech um Prozess geännert huet, fir d'Kandidaten ze fannen.

Dernieft si mir op déi 8 Finalisten agaangen, déi den 30. Januar an der Rockhal op der Bün vum LSC stinn.
„I OWN THE SOUND“ heescht déi nei Single vum MC Mario a vum MissLux, et ass eng international Dance-/Electronic-Produktioun, déi den 31. Oktober 2026 erauskomm ass. Den MC Mario ass e renomméierten DJ, Produzent a Radiomoderator vu Montréal, mat méi wéi 3,5 Millioune verkaaften Albumen a Kanada.

Hien ass ënner anerem duerch seng Sendung The House Party op Virgin Radio Montréal bekannt. D'MissLux, eng kanadesch Songwriterin a Recording Artist mat polnesche Wuerzelen, fréier Miss Luxembourg an haut erëm zu Lëtzebuerg baséiert. Mat him hu mer iwwert dës nei Single geschwat.
Lauschtert hei nach emol alleguerten d'Lidder aus der Sendung: