RTL Hitmaschinn - Zeréck an d'Zäit2006 - Mudam, Pluto, Sommermärchen

Bob Konsbruck
All Sonndeg reest de Radio tëscht 9:00 an 11:00 musikalesch zeréck an d'Zäit.
© RTL Grafik

Hei fannt Dir déi 20 Lidder aus der Hitmaschinn vum Joer 2006:

© RTL-Archiv

Mudam ass déi kuerz Versioun vum offiziellen Numm ''Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean’’ oder wéi de Lëtzebuerger déi Zäit ëmmer gesot huet, de Pai-Musée. Pai-Musée wéinst dem chinesesch-amerikaneschen Architekt, dem renomméierten Ieoh Ming Pei. Eise Musée fir zäitgenëssesch Konscht op den Dräi Eechelen huet den 1. Juli 2006 seng Dieren opgemaach. De Fort Thüringen war gesicht gi fir Al an nei mateneen ze verbannen. Dat wat hei am Land schonn deemools ëmmer intresséiert huet ass de Präis. Dee stoung an der Kritik. Mat ronn 88 Millioune war dat Doheem fir modern Konscht kontestéiert. Dacks ernimmt an deem Kontext, de faméisen Magny Doré, de Steen deen de Ming Pei fir de Mudam erausgesicht hat. Vun de Pläng Enn den 1980er iwwer de Grondsteen deen 1999 geluecht gouf, bis bei d’Ouvertür den 1. Juli 2006 war et also e Stéck.

Hitmaschinn 2006: Mudam

International gouf decidéiert, dass de Pluto kee Planéit méi ass. Du bloufen, amplaz 9 nach just 8 Planéiten an eisem Sonnesystem: Merkur, Venus, Äerd, Mars, Jupiter (dee Gréissten), Saturn, Uranus an Neptun, ouni de Pluto. An de Saz fir hir Reiefolleg vun der Sonn aus ze verhalen huet geännert. Sou war et dann net méi „Mein Vater erklärt mir jeden Sonntag unsere neun Planeten“ mee “Mein Vater erklärt mir jeden Sonntag unseren Nachthimmel”. Firwat de Pluto, fréier dee Klengsten an eisem Sonnesystem, obeemol kee Planéit méi war, dat huet déi ‘International Astronomesch Unioun’ am Joer 2006 decidéiert. Eng Ursaach war déi, dass se ëmmer méi esou kleng Himmelskierper entdeckt hunn, déi se awer net all ‘Planéit’ wollten nennen. Sou hu se nei Reegelen fir hir Klassifikatioun opgestallt an do ass de Pluto dann net méi dra gefall. Esou gëllt hien dann elo als Zwergplanéit. Obwuel et weider vill wëssenschaftlech Diskussioune gëtt, déi de Pluto erëm zu engem Planéit wëlle maachen.

Sommermärchen 2006 wéi se gesot hunn oder „Die Welt zu Gast bei Freunden“, esou den offizielle Motto vun der WM tëscht dem 9 Juni an dem 9. Juli 2006. ‘Zeit dass sich was dreht’, den Herbert Grönemeyer. Dat war den offizielle Song vun der WM 2006 an Däitschland.
E Summermäerchen allerdéngs ouni WM Titel fir déi Däitsch bei sech Doheem, nodeems si an der Halleffinalle géint Italien, géint den um Enn Weltmeeschter 2006, verluer haten.
D’Finale sollt Frankräich / Italien heeschen an an där Finale koum et deemools zu deem berüümte Coup de Boule tëscht dem Zinedine Zidane an dem Marco Materazzi. Vun der franséischer Band La Plage gouf et dunn och prompt d’Lidd ‘Coup de Boule’.

Hitmaschinn 2006: Sommermärchen

Back to Top
CIM LOGO