RTL Hitmaschinn - Zeréck an d'Zäit2008: EM & Olympia, Barack Obama & App Store

Loïc Juchem
All Sonndeg reest de Radio tëscht 9:00 an 11:00 musikalesch zeréck an d'Zäit.
© AFP/Archiv/ARIS MESSINIS

De Summer 2008 hat et a sech. Am Juni huet d’UEFA-Europameeschterschaft an Éisträich an an der Schwäiz ugefaangen. Millioune Fans hu virun den Ecranen oder op Public Viewings matgefeiwert. No engem spannende Tournoi stoung Spuenien an der Finall an Däitschland och. De Fernando Torres huet den eenzege Gol geschoss a Spuenien ass et gelongen den éischten groussen Titel no 1964 ze secheren. Et war den Ufank vun enger aussergewéinlecher Ära: Och d’WM 2010 an d’Euro 2012 huet Spuenien schliesslech gewonnen.

Nëmmen e puer Woche méi spéit huet d’Welt op Peking gekuckt. D’Olympesch Summerspiller hunn den 8. August 2008 mat enger spektakulärer Ouverturesfeier ugefaangen. Sportlech gouf virun allem ee Mann zur Legend: Den jamaikanesche Sprinter Usain Bolt. Hien huet d’100 an d’200 Meter an neie Weltrekordzäite gewonnen a gouf iwwer Nuecht zum schnellste Mann vun der Welt. Och am schwammen ass Geschicht geschriwwe ginn. Den Amerikaner Michael Phelps huet net manner wéi aacht Goldmedailen op enger eenzeger Olympiad gewonnen – e Rekord, dee bis haut aussergewéinlech bleift.

De Summer 2008 hat et a sech.

De 4. November 2008 war en historeschen Dag. De Barack Obama huet d’Presidentschaftswal an den USA gewonnen a gouf domat den éischten afroamerikanesche President an der Geschicht vum Land. Mam Slogan „Yes We Can“ huet hien et fäerdeg bruecht, virun allem jonk Wieler ze mobiliséieren an eng richteg Begeeschterung auszeléisen. Honnerte vun Dausende Leit si bei seng Versammlunge mat dobäi gewiercht, a seng Rieden hu séier ronderëm d’Welt fir Opmierksamkeet gesuergt.

Barack a Michelle Obama: Wéineg iwwerraschend ënnerstëtzen och de 44. US-President Barack Obama a seng Fra d'Kamala Harris
Barack a Michelle Obama: Wéineg iwwerraschend ënnerstëtzen och de 44. US-President Barack Obama a seng Fra d'Kamala Harris
© ANDREW CABALLERO-REYNOLDS AFP

D’Wale waren an enger schwiereger Zäit. D’USA an och vill aner Länner hu mat de Konsequenze vun der Finanzkris ze kämpfe gehat. Vill Mënsche ware besuergt ëm hir Aarbechtsplazen an hir Zukunft. Fir vill Wieler stoung de Barack Obama dofir fir Hoffnung, Verännerung an en neien Ufank. Wéi d’Resultat feststoung, hu sech zu Chicago Dausende Supporteren versammelt, fir de Moment zesummen ze feieren. Seng Victoire gouf séier zu engem Symbol fir gesellschaftleche Wandel a gëtt bis haut als ee vun de markantste politesche Momenter vum 21. Joerhonnert ugesinn.

De 4. November 2008 war en historeschen Dag.

Haut ass et bal net méi virzestellen, mee et gouf eng Zäit, an där et um Smartphone bal keng Apps gouf. Dat huet sech am Summer 2008 geännert. Den 10. Juli huet Apple den App Store gestart – eng Plattform, op där Entwéckler hir eege Programmer fir den iPhone ubidde konnten.

© Apple

Am Ufank waren et ronn 500 Apps. Vill dovu ware relativ einfach: kleng Spiller, Wieder-Apps oder Notizprogrammer. Awer séier gouf kloer, datt hei eppes Grousses entstanen ass.
An de Joren dono sinn ëmmer méi Servicer dobäikomm. Navigatioun, Online-Banking, Musek lauschteren, Iessen bestellen oder Vakanz buchen – ëmmer méi Alldagsaufgabe sinn op den Handy gewiesselt. Fir vill Entreprisen ass eng App haut esou wichteg wéi eng Websäit. An och nei Beruffer sinn entstanen, zum Beispill als App-Entwéckler.

Haut ass et bal net méi virzestellen, mee et gouf eng Zäit, an där et um Smartphone bal keng Apps gouf.

Back to Top
CIM LOGO