A senger Musek verschafft de Kënschtler dat, wat hien emotional beschäftegt, ouni et bewosst ze plangen, esou de Museker am Interview. Vill vu senge Lidder géifen als eng Zort Veraarbechtung vun Erfarungen aus sengem eegene Liewen, mee och aus sengem Ëmfeld entstoen.
“Ech probéieren ëmmer, all meng Emotiounen a menger Musek ze veraarbechten oder et geschitt éierlech gesot automatesch. Et sinn net nëmmen Themen aus mengem eegene Liewen, mee och Saachen, déi a mengem Ëmfeld geschéien. D’Musek ass eng Form vu Veraarbechtung vu Saachen, déi ech net einfach esou ausdrécke kann. Dowéinst ass se extrem perséinlech, et stécht quasi alles vu mir dran.“
Mat der Zäit kënnen d’Lidder awer eng ganz nei Bedeitung kréien, schmunzelt de Kënschtler am Interview. Wan d’Leit bis d’Songs héieren, hätte se dacks och fir si eng Bedeitung. E konkret Beispill ass d’Single “Be Mine”.
“Mir hunn de Song virun zwee oder dräi Joer geschriwwen, am Hierscht, am Reen. En hat näischt mat Summer ze dinn. An op eemol gouf et de Summersong fir ganz vill Leit. Leit hu sech mat dësem Lidd bestuet. Dat ass verréckt: Wann een e Song eraus an d’Welt geet, kritt en eng Bedeitung, déi ee selwer net esou geduecht hätt.“
“Kreativitéit funktionéiert net, wann ee se erzwéngt. Et geet drëm, sech ze trauen, och schlecht oder domm Iddie mol probéieren. Nëmmen esou kënnen déi gutt Saachen entstoen.“
Fir kreativ ze bleiwen, setzt den Tim Kamrad virun allem op Vertrauen a kënschtleresch Fräiheet.
Och wann de Songwriting eng wichteg Roll spillt, ass d’Live-Erfarung fir e Museker ëmmer dat eigentlecht Zil, erkläert den Däitschen.
“De Liveconcert ass ëmmer d’Zil. Et ass dat gréisst Gefill, d’Musek, déi am Studio entstanen ass, zesumme mat echte Mënschen ze feieren. Am Radio ze lafen oder an de Charts ze sinn, ass Wansinn, mee wann een d’Leit gesäit an zesumme mat hinne feiert, da versteet een, firwat een dat alles mécht.“
Den 8. Februar séngt de Kamrad am Atelier, et ass déi éischte Kéier, wou hien an der Stad optrëtt. Virum Concert wëll hien d’Stad e bëssen entdecken, éier et eescht gëtt. Kuerz virum Optrëtt zitt sech d’Band zesummen zeréck, fir sech ze fokusséieren.
Fir de Concert am Atelier däerfen d’Fans sech op e komplett neie Set freeën. Nieft der neier EP gëtt et véier bis fënnef nei Lidder ze héieren, dorënner och ee Stéck, dat nach guer net verëffentlecht ass. Mat engem neie Keyboarder op der Bün kritt och de Sound eng nei Dimensioun.