Boulevard des Airs ass eng Band, déi sech duerch en eklektesche Mix aus Pop, Folk, Chanson a moderner Musek auszeechent. All hir Alben sinn selwer produzéiert. Titelen ewéi Cielo ciego, Emmène-moi, Je me dis que toi aussi, Bruxelles oder Allez reste, an engem Duett mam Vianney, hunn d’Band wäit iwwer Frankräich eraus bekannt gemaach. E Freideg spillen si och zu Lëtzebuerg an dat am Atelier.
Mir maache Musek, fir op der Bün ze stoen
Am Studio gëtt experimentéiert, mee de richtege Sënn vun eiser Musek kënnt eréischt am Kontakt mam Publikum, esou de Florent am Interview mat RTL.
“Wa mir en Album erausbréngen, ass dat scho bal e Virwand, fir duerno kënnen op Tour ze goen. Am Studio probéiere mir vill Saachen aus, mee no enger Zäit wëll een dat och mat de Leit deelen. Am Studio si mir ënnert eis, et ass däischter, mir schaffen dacks nuets, live ass et eng ganz aner Energie.”
Eng aner Musekswelt wéi nach viru Joren
Iwwer d’Joren huet sech villes entwéckelt: d’Scénographie, d’Technik, de Sound an och d’Erfarung vun der Band. Trotzdeem bleift fir Boulevard des Airs wichteg, datt kee Concert dem anere gläicht.
“Mir probéieren, sou vill Interaktioun wéi méiglech mam Public ze schafen, datt net all Concert d’selwecht ass an datt och eng kleng Plaz fir Improvisatioun bleift. Wann d’Museker sech selwer op der Bün iwwerraschen, iwwerrascht dat meeschtens och de Public. An dat ass genee dat, wat d’Leit am Live sichen. Si kommen net, fir den Album just méi haart ze héieren.”
De Public spillt dobäi eng zentral Roll, seng Energie wier onersetzlech an e wichtege Géigendeel zur Rou am Studio.
Fir de Concert zu Lëtzebuerg erhofft sech d’Band virun allem en intensiven, gemeinsame Moment, a vläicht och eng positiv Iwwerraschung, nodeems si scho méi laang am Grand-Duché gespillt hunn. Fir Boulevard des Airs ass kloer: wann d’Leit no engem Concert eppes mat heem huelen, wat iwwer d’Musek erausgeet, hu mir eist d’Zil erreecht, esou de Sänger a Gittarist.
Boulevard des Airs spillen den 31. Januar 2026 am Atelier.