
De Bamonte ass op Chrëschtdag am Alter vu 65 Joer no kuerzer Krankheet Doheem gestuerwen, wéi d’Band e Freideg op hirer Websäit matgedeelt huet. D’Band géif hire Kolleeg als “roueg, intensiv, intuitiv, bestänneg an onheemlech kreativ” an Erënnerung behalen. Den “Teddy” Bamonte wier ee waarmhäerzegen a weesentlechen Deel vun der Geschicht vun The Cure gewiescht.
Mat hirem Frontmann Robert Smith an deem senger aussergewéinlecher Stëmm gehéieren The Cure zu de Matbegrënner vum Gothic Rock Hiren Album “Pornography” vun 1982 huet mat suizidalen Uspillunge schockéiert, méi spéit koumen awer och méi positiv Lidder eraus, wéi zum Beispill “The Lovecats” oder “Friday I’m in Love”.
Vun 1984 un huet de Bamonte fir The Cure geschafft, deemools nach als Roadie. Vun 1990 bis 2004 an nach emol vun 2022 bis zu sengem Doud war hie Gittarist, Bassist a Keyboarder an der Band. Hie war un enge sëllegen Albe bedeelegt, dorënner “Wish”, “Wild Mood Swings”, “Bloodflowers” an “The Cure”. Zesumme mat senger Band huet hien iwwer 490 Concerte gespillt, wéi d’Band matdeelt.