Am TaktDës Kéier mat ënner anerem 100 % Techno

Bob Konsbruck
Den Duo Netty Hugo ass 2026 bei Tomorrowland dobäi.
© RTL Grafik

D’lescht Joer sinn d’Ogazon an den Nosi zu Boom an der Belsch opgetrueden; op de sëllege Fotoe vum gréisste Rendezvous fir elektronesch Musek op der Welt, war de Grand-Duchéi deemno net schlecht vertrueden.

© Tomorrowland

2026 kann nach eng Schëpp dropgeluecht ginn, well mam Duo Netty Hugo wäert Tomorrowland gewuer ginn datt de Grand-Duché Techno kann. De Mark Netty an den Hugo Ribeiro hunn Am Takt erzielt wéi deen Optrëtt zustane komm ass, wat Si sech erwaarden a wat soss nach alles dëst Joer geplangt ass.

Fir de Mark an den Hugo geet en Dram an Erfëllung. Déi 2 sinn dëst Joer bei Tomorrowland dobäi, grad wéi den Nosi an d’Ogazon.

An hei nach d’Playlist vun dësem Episod:

Back to Top
CIM LOGO