
Och wann net méi all Kënschtler op dat klassescht Albumformat setzt, si fir déi nächst 12 Méint eng Rëtsch nei Disken ugekënnegt. Gläichzäiteg versprécht de Concertskalenner zu Lëtzebuerg e besonnesch variéiert Joer.
Et fänkt schonn am Januar staark un. De franséiche Sänger Mika verëffentlecht den 23. Januar säin neit Wierk Hyperlove. Kuerz drop kënnt de Kënschtler och live op Lëtzebuerg: de 25. Mäerz steet hien an der Rockhal op der Bün. Och Lana Del Rey bleift produktiv: Hiren zéngten Album Stove soll nach am Januar erauskommen.
Wéi eng Artiste hu scho fir 2026 nei Musek (Album) ugekënnegt?
Am Februar ginn et eng ganz Rëtsch Verëffentlechungen. Den Nick Jonas presentéiert säi fënneften Album Sunday Best. Kuerz drop de Robbie Williams mat Britpop, geplangt fir de 6. Februar. Fir d’Lëtzebuerger Fans gëtt et donieft och e Live-Rendez-vous. De 6. Juli trëtt hien op um Luxexpo Open Air op. Den 13. Februar kënnt Prizefighter vun Mumford & Sons eraus, an Enn Februar leeën och d’Gorillaz no. D’Band ronderëm den Damon Albarn wäert hiren neien Album The Mountain net nëmme verëffentlechen, mee och live zu Lëtzebuerg presentéieren, an zwar de 5. Juli bei engem Open-Air-Concert um Kierchbierg. Am Mee mellt sech d’Melanie C mat Sweat zréck. Donieft gëtt 2026 och nei Musek vum Bruce Springsteen, Evanescence, Madonna a Muse erwaart.
Nieft den Albume gëtt eis 2026 hei am Land och eng ganz Rëtsch Live-Musek gebueden. Mëtt Juni gëtt d’Festival Saison lancéiert mat de Francofolies zu Esch, wou ënner anerem Macklemore a Gims als Haaptacts ugekënnegt sinn. E weideren Highlight sinn d’City Sounds den 22. an 23. Juni: D’Stad Lëtzebuerg invitéiert op gratis Concerten, mat OneRepublic, déi de Glacis iwwerhuelen.
Och de Luxexpo Open Air setzt am Juli op international Staren: Nieft dem Robbie Williams trieden de Lenny Kravitz, d’Gorillaz, The Offspring, Jamiroquai an d’Katy Perry op. Enn Juli verlagert sech de Fokus op Iechternach, wou vill Lëtzebuerger Artisten, mee och de Johannes Oerding an den James Morrison ze gesi sinn.
Um Festival de Wiltz gëtt et 2026 och Ofwiesselung: Nieft Jazz a Pop gouf schonn eng Alternativ-Rockband ugekënnegt – Dogstar, mat engem net ganz onbekannte Bassist: dem Hollywood-Schauspiller Keanu Reeves.
Natierlech spillt sech net alles ënner fräiem Himmel of. An der Rockhal stinn ënner anerem den Jason Derulo, de Mika, de Sean Paul, Kraftklub an Tokio Hotel um Programm. Am Atelier trieden zum Beispill de Kamrad, d’Amy Macdonald a Portugal. The Man op. An am neie Gridx si schonn Events mam Steve Aoki an dem Alvaro Soler annoncéiert.
Och d’Philharmonie geet ambitiéis an d’Joer: Am Abrëll steet de Gustav Mahler um Program, am Mee de Gast Waltzing.
Den éischte groussen nationale Museksmoment gëtt et schonn am Januar: De 24. Januar triede beim Luxembourg Song Contest aacht Finalisten an der Rockhal géinteneen un, fir Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 2026 zu Wien ze vertrieden.

Alles an allem versprécht 2026 e Museksjoer mat vill Diversitéit. Vun neien Albumen iwwer grouss Open-Air-Oprëtter bis bei intim Momenter a méi klenge Concertssäll. Fir Museksfans zu Lëtzebuerg gëtt et genuch Geleeënheeten, fir live dobäi ze sinn.