Bësse Lëtzebuergesch hunn den Hálfdán Helgi Matthíasson an den Matthías Davíð Matthíasson wärend hirem kuerzen Openthalt am Grand-Duché scho geléiert. Och wa si bis elo nach net vill Zäit fir Sight seeing haten, hunn si dat awer nach fir.
“Et ass eng immens flott Plaz. Éierlech. Mir hu bis elo just Saache vum Hotel bis heihinner gesinn, mee haut gi mir alles kucken. Mir maachen en Entdecker-Dag. Mir huele vläicht den Zuch. Gëtt et een Zuch zu Lëtzebuerg? Ech weess et net. An Island gëtt et keen. Mee ech mengen hei ass een”, sou déi zwee Bridder am Gespréich.
Bekannt si si virun allem duerch hiren Optrëtt d’lescht Joer um ESC zu Basel. Mam Lidd “Roa” hu si sech fir d’Final qualifizéiert an hunn elo Fans iwwerall op der Welt. An eent dovunner ass d’Laura Jung, wat e Fan-Account op de Soziale Medie bedreift a si fir ee Meet & Greet treffe konnt.

Dem Laura seng Mam hat sech bei RTL gemellt a gefrot op et méiglech wär, dat Treffen ze organiséieren. D’Laura huet zanter enger Covidinfektioun virun zwee Joer eng chronesch Multisystemerkrankung. Eventer wéi den ESC kann hatt dofir net live erliewen.
E groussen Dram war et fir hat, fir VÆB eng Kéier perséinlech ze treffen. Hatt ass ee grousse Fan vun hinnen:“Einfach so ihre Energie, dieses extrem positive. Dieses energetische. Auch einfach ihre Einstellung auch irgendwie. Und einfach so den Vibe.”
Vibe ass dat richtegt Stéchwuert. Esou nennen sech déi zwee Bridder nämlech. Zanter bësse méi wéi véier Joer maache si zesumme Musek an hire Kënschtlernumm ass een Akronym aus verschiddenen islännesche Wieder, déi fir Respekt, Geloossenheet a Spaass stinn.