Abtei Neimënster 1. Apero-Jazz zënter Méint um Sonndeg de Moien

RTL Lëtzebuerg
D'Concerte vum Apéro Jazz an der Abtei Neimënster si mëttlerweil e bekannten Treffpunkt.
1. Apero-Jazz zënter Méint um Sonndeg de Moien
D’Concerte vum Apéro Jazz an der Abtei Neimënster si mëttlerweil e bekannten Treffpunkt.

Datt och kulturell Evenementer, wéi Concerten de Leit an de leschte Méint gefeelt hunn, dat huet sech an der Abtei Neimënster gewisen.

Wou den 1. Apero-Jazz zanter Méint gespillt gouf. Trotz dem Reen souzen d’Leit dobaussen am Haff an hunn de Museker mat Genoss nogekuckt.

Dahm Belardi Deconfiture Band, sou nenne sech d’Museker, mat engem humorvolle Numm, dee weist, dass ee sech vum Virus net wëll nidderknéie loossen. Mat Melodien, déi sech géint de Ree stäipen a besonnesch géint all Morositéit.

Back to Top
CIM LOGO