Gläichzäiteg ass et awer och eng Plattform fir d’Artisten, wou si hire Spektakel austesten an entwéckele kënnen, ouni Drock. Och dëst Joer fir déi 11. Editioun vum TalentLab si vun Danz bis Theater all méiglech Formater mat dobäi.
Den TalentLab steet fir Experimenter, Kreatiounen, Echangen a Renconteren. An der Iddi, e Festival ze schafen, wou ee seng Spektakelen austesten an och emol probéiere kann, ouni mat engem fäerdege Resultat mussen ze kommen. Den TalentLab bitt esou e ganzen Encadrement fir déi national an international Artisten.
"Et huet een 10 Deeg, e Proufraum, eng technesch Ekipp, d’Artiste gi bezuelt an dat ass alles ee Package. Ech mengen, dass dat e Format ass, wat et soss néirens gëtt a mir mierken ëmmer méi, datt et déi Ënnerstëtzung ass, déi feelt bei den Artisten, doduerch datt d’Moyenen ëmmer manner ginn an d’Kultur oft gekierzt gëtt. Doduerch mierkt een, datt jidderee mat esou enger Freed, Loscht a Motivatioun heihinner kënnt." (Tom Leick-Burns – Direkter Stater Theateren)
Zënter der éischter Editioun war et dem Theater wichteg, eng Durabilitéit ze schafen, also datt et iwwert déi 10 Deeg Festival weider erausgeet. Dofir ginn et mëttlerweil 11 Partnerhaiser, an deenen och Kreatiounen nom TalentLab europawäit kënne weider liewen. Ma och fir de Publikum soll den TalentLab eng Découverte sinn.
"Et ass, wéi wann ee Knippercher geschenkt kritt an et mécht een d’Këscht op an et sinn der lauter dran, déi een net kennt. Da freet ee sech natierlech, wéi eng ee soll huelen a schlussendlech ass et einfach esou eng Saach, wou ee sech muss dra stierzen. Wat mir mierken, wann d’Leit bis eng Kéier kommen, da gesäit ee se den zweeten Owend nees, well et si schonn aussergewéinlech Spektakelen, déi een hei am TalentLab gesäit." (Tom Leick-Burns – Direkter Stater Theateren)
An dëser Entdeckungskëscht ass dann och dëst Joer der Schrëftstellerin a Regisseurin Christine Muller hiert Theaterstéck «Une rose plus rouge» mat dobäi, inspiréiert vum Comic vum Liv Strömquist.
"Am Stéck spillen zwou Schauspillerinnen an eng Sängerin a si stelle sech déi Fro, déi och am Comic gestallt gëtt: Gëtt d’Léift hautdesdaags ëmmer méi seelen? Mat den Dating Apps, mam Ghosting, mat all deene Reegelen, déi mir interioriséiert hunn a vun deene mir denken, datt se normal sinn am Dating-Liewen a se awer villäicht net esou natierlech sinn, wéi een dat kéint denken." (Christine Muller – Regisseurin)
«Une rose plus rouge» ass dann och dëst Joer fir de Festival zu Avignon selektionéiert ginn. D’Spektakele vum TalentLab kann ee vum 31. Mee bis de 7. Juni entdecke goen.