De Méindeg den Owend war "Papa Roach" fir e Concert an der Rockhal. Ma dernieft hu si och zu Beefort am Schlass hiren neie Videoclip gedréint.

Eng Equipe vun RTL Télé Lëtzebuerg duerft dann och hannert d'Kulisse vun dësem Videodréi luussen a krut och en exklusiven Interview mam Sänger vun der Band, Jacboy Shaddix a mam Gittarist Jerry Horton.

Vrun engem Mount hat d'Band op hirer Facebook-Säit d'Fans opgeruff: se waren nämlech deemools op der Sich no engem Schlass fir den Dréi vun hirem neie Videoclip fir den Titel "None of the above". E Beeforter Awunner hat dorop reagéiert ... a schonn hat d'Band déi perfekte Plaz fonnt.

Mat dobäi fir deen Dréi waren dann och ënnert anerem 18 Lëtzebuerger Dänzer, grad ewéi de Lëtzebuerger Choreograph Alex Lopes, fir déi et natierlech eng eemoleg Erfarung war nieft esou enger weltbekannter Band wéi "Papa Roach" ze stoen.

VIDEO: Papa Roach dréint Videoclip zu Lëtzebuerg
Déi amerikanesch Band wor um Méindeg net nëmmen fir e Concert zu Lëtzebuerg, si hunn och de Clip fir den Titel "None of the above" hei am Land gedréint.

Déi amerikanesch Alternativ Metal Band, feiert dëst Joer quasi hire Comeback. Am Mee hu se hiren neien Album erausbruecht mam Titel "Croocked Teeth". Am RTL-Interview erzielt d'Band si hätte sech mam Album quasi nei erfonnt. Et wier ganz experimentell, mat deels Hip-Hop-Elementer, deels Elektro-Elementer. An och e wéineg Rock natierlech.