RIP
Rapper Mac Miller am Alter vu 26 Joer gestuerwen

Scho méi laang war bekannt, datt de Rapper Problemer mat Drogen hätt.
Wéi d'Famill vum jonken Amerikaner matgedeelt huet, wier de Kierper vum Malcom James McCormick, esou de richtegen Numm vum Rapper, zu Los Angeles a senger Wunneng fonnt ginn. Hie wier un enger Iwwerdosis gestuerwen.
De Rapper hat scho méi laang Problemer mat Drogen a war eréischt am Mee an en Autosaccident verwéckelt, well hien ënnert dem Afloss vun Droge stoung. Vill prominent Museker aus dem Milieu, dorënner d'Missy Elliott, hunn der Famill hiert Bäileet ausgedréckt.
Am meeschte gelies