Lëtzebuerger Filmfong14 vun 31 Projete kréien eng finanziell Ënnerstëtzung

RTL Lëtzebuerg
Insgesamt 8.326.891 Euro ginn an d'Produktioun vun de 14 Filmprojete gestach.

14 Filmprojete kréie finanziell Ënnerstëtzung vum Filmfong. Dat huet de Selektiouns-Comité en Dënschdeg den Owend matgedeelt.

Alles an allem sinn et 7 Filmer, 1 Animatiounsfilm, 2 Serien, 1 Animatiounsserie, 1 Kuerzfilm an 2 Virtual-Reality-Projeten, déi finanziell ënnerstëtzt ginn.

Déi gréissten Zomm, fir genee ze sinn 3 Milliounen Euro, geet un de Film “Hooped” vum Realisateur Adolf El Assal, produzéiert vu Paul Thiltges Distributions.

De Film “The Lecture” vum Kasia Adamik a Sandra Buchta, dee vun Iris Productions produzéiert gëtt, kritt eng finanziell Ënnerstëtzung vun 1,5 Milliounen Euro.

Déi komplett Lëscht mat alle Projeten, déi zeréckbehale goufen, fannt Dir am Pressecommuniqué.

Back to Top
CIM LOGO