De grousse REMIX-Opening an der Kulturhaaptstad
Endlech ass et ganz offiziell: Esch ass Europäesch Kulturhaaptstad 2022.
Mat Concerten, Danz-Performancen, Projektiounen a villen anere spannenden Animatiounen huet d'Minettsmetropol um Samschdeg feierlech hire Programm agelaut. Trotz deene pickegen Temperaturen wollten sech dausende Leit et net huele loossen, fir zu an mat Esch de Start an d' Kulturhaaptstadjoer ze feieren. Mat dësem wichtege Schnëtt gouf e Samschdeg den Owend de Wee fräi gemaach, fir an eng lieweg a bont Zukunft gepräägt vu kultureller Villfalt.
Passend zum Motto vun Esch22, "REMIX Culture", hat ee spannende multi-mediale Kulturprogramm gëschter Owend bei deene ville Visiteure fir Begeeschterung gesuergt.
Zanter 2018 gouf op dëse groussen Dag, respektiv op dëst besonnescht Joer 2022 higeschafft. Ëmsou méi grouss waren op Säite vun den Organisateuren d‘Freed an d‘Erliichterung doriwwer, dass de Startschoss endlech gefall ass.
Och de Public kuckt no dëser grousser Ouverture mat Virfreed an d‘Zukunft a setzt an de Projet Esch 2022 grouss Hoffnungen.
Den Highlight vum Owend sollt eng virtuell Rakéit sinn, déi géint 22 Auer vun den Héichiewen um Belval aus an de Weltall geschoss gouf – als Symbol fir de Start an eng spannend kulturell Aventure, ma och als Symbol fir de Fridden.
