Fräischaffende Kënschtler zu Lëtzebuerg? Net esou evident wéi et kléngt
Dëse Summer treffe mir erëm prominent Gesiichter an eiser Emissioun Promi-Spot. De Lëtzebuerger Kënschtler Eric Mangen huet 43 Joer an huet eis a säin Atelier um Bouferterhaff zu Bartreng invitéiert.
Hei ginn net nëmme Päerd trainéiert, mee hei gëtt och u senger Konscht geschafft. No enger schwiereger Phase, déi den Eric Mangen duerchlieft huet, geet et him elo erëm besser an hien ass amgaange sech nei ze erfannen. Dem Loïc Juchem huet hie verzielt wéi et em haut geet a wat seng nei Projete sinn.
2019 huet hien ugefaangen um Bouferterhaff ze renovéieren, Stroum a Waasser ze leeën, fir datt hien um Enn hei en Atelier huet an dem een anstänneg ka schaffen. Mëttlerweil ass e scho bal ze kleng, well och aner Kënschtler (z.B. d’Lisa Junius) hei hinner schaffe kommen. Hie weess, datt en an enger privilegéierter Situatioun ass, fir sou e Site ze hunn, gëtt awer ze bedenken, datt et definitiv net einfach ass als Kënschtler zu Lëtzebuerg ze schaffen.
Och wann hie viru Corona praktesch net méi ze bremse war, seng Biller sech immens gutt verkaf hunn an hie vill Expoen hat, wier et um Enn net duergaangen. Zanter Mäerz 2025 huet hien nach en zousätzleche Beruff a schafft zu Wolz bei «COOPERATIONS», déi ASBL déi ënnert anerem d’Nuit des Lampions organiséiert. Dëst gëtt him eng gewësse Sécherheet an huet mat sech bruecht, datt den Eric Mangen an de leschte Méint mol konnt eng Paus maachen an nei Saachen ausprobéieren. De permanenten Drock, datt ee muss Biller verkafen, fir d’Rechnunge kënne ze bezuelen ass net méi do an elo ass Zäit fir eppes Neies.
Den Eric Mangen wollt säi Liewe laang Sculpteur ginn, no enger intensiver Graffiti-Zäit zu Barcelona huet en dunn hei zu Lëtzebuerg no an no ugefaange Biller ze molen. Vill Faarf, grouss Gesten a verschidden Techniken, mee dat mam Keramik huet ni wierklech geklappt. Elo a senger Paus, huet en sech en Uewen zougeluecht, krut vu Frënn gewisen, wéi een am Leem schafft an elo ass dat seng nei Manéier ze schaffen.
Hie wëll elo awer net nëmmen Tasen, Telleren a Planzendëppen ufäerdegen, aktuell ass alles an der Recherche. Et ass keng Expo geplangt an no 10 Joer laang nëmme produzéieren, ass elo Zäit fir einfach elo mol eppes Neits ze léieren. Duerno soll Keramik a Molerei matenee fusionéieren an dann entstinn dorausser dem Eric Mangen seng nei Wierker.
Um Bouferterhaff huet hien awer och zesumme mat sengem Papp e grousse Gaart, hei gëtt Geméis an Uebst ugeplanzt. Hei fënnt hien déi Ingredienten déi e brauch, fir Doheem ze kachen. Eng aner grouss Passioun vun him.
2021 huet hien och d’Kënschtlerresidenz “Farmland Residency” an d’Liewe geruff. National an international Artiste wunnen tëscht 2 a 6 Wochen um Bauerenhaff, schaffen am Atelier a kënne sech sou an der Konschtzeen vernetzen.
An der Emissioun Promispot hu bekannt Leit aus Lëtzebuerg eis dëse Summer hir Liblingsplaz gewisen. Mir hunn dovunner profitéiert d’Léit besser kennenzeléieren a mat hinnen e längeren Interview ze maachen. Kuckt d’Interviews alleguerten hei am Replay. Mat dobäi waren de Serge Tonnar, Eric Mangen, Philip Crowther, d’Amy Thompson a Gast Waltzing.